
En Dënschdeg ass um Krautmaart de grousse Wunnprojet “Cité Militaire” fir Dikrech unanime ugeholl ginn.
Den ëffentleche Promoteur SNHBM baut op der fréierer Cité militaire den neie Quartier, deen den nämmlechten Numm dréit. 184 Appartementer sollen hei entstoen. Déi gréng Rapportrice Semiray Ahmedova huet ënnerstrach, dass 91 Prozent vun de Wunnengen abordabel solle verlount ginn.
Geréiert gëtt de Chantier, wéi gesot, vun der SNHBM. Dorunner stéiert sech den CSV-Deputéierte Marc Lies. Well et dem Bausecteur aktuell net gutt geet, kéint et eng Iddi sinn, fir éischter e private Promoteur bauen ze loossen, an domadder och den ëffentleche Promoteur ze entlaaschten.
Eng Iwwerleeung, déi een an Zukunft kéint maachen, esou de Logementsminister Henri Kox. Fir dëse Projet hätt d’Expertise vun der SNHBM dozou gefouert, dass d’Densitéit konnt eropgesat ginn.

D’Deputéiert hunn allgemeng begréisst, dass de Projet déi néideg Infrastrukturen, esou wéi och Gréngflächen envisagéiert. Och Wunnenge fir d’Militär esou wéi e Verwaltungsgebai si virgesinn.
D’Nathalie Oberweis vun Déi Lénk fënnt et virun allem positiv, dass de Stock vun den abordabele Locatiounswunnengen an ëffentlecher Hand an d’Luucht geet.
Doropshin huet de Logementsminister Henri Kox präziséiert, dass dat Deel vun der Strategie wier. De Minister hofft, dass déi abordabel Wunnprojeten Elmen II an Izeger Knupp och nach an dëser Legislaturperiod kënnen deposéiert ginn.