Mat Pandemie an Energiekris hat déi viregt Presidentin keng einfach Aufgab. Ma och den Aarbechtsprogramm, deen de Georges Rassel en Dënschden op der Generalversammlung presentéiert huet, weist, dass d‘Industrie zu Lëtzebuerg viru groussen Erausfuerderunge steet.
Mä ugefaange mat zejoert
D’Fedil war als Deel vum Patronat bei der Tripartite am Mäerz dobäi. D’Inflatioun stoppen, Aiden fir energieintensiv Betriber erausschloen. D’Ziler wären erreecht ginn, erkläert den Direkter René Winkin. Duerno dann Nationalwalen, wou d’Fedil intensiv Lobby-Aarbecht bei de Kandidatinnen a Kandidaten gemaach huet. Ëmmerhi representéiert d‘Industrie e Véierel vum Lëtzebuerger Bruttoinlandprodukt. Och mat der neier Regierung kann een zesummeschaffen, warscheinlech souguer méi séier ewéi mat der viregter, betount de René Winkin. Suerge maachen der Fedil och dëst Joer ëmmer méi europäesch Reglementatiounen.
„Wou et iwwer reporting/compliance-Reegelen geet, déi an enger Kadenz komm sinn, wou ech géing soen, dass weder Administratiounen nach Betriber no kommen. Mir wëllen de Fokus ganz staark dorop leeën en vue vun den Europawalen. Déi nächst fënnef Joer soll dat alles mol verdaut respektiv vereinfacht ginn. Et dierf net nach drop getässelt ginn.“
National Baustelle ginn et der fir d’Fedil natierlech och. Mat der neier Presidence wëll een de Fokus awer kloer op d‘Industrie an engem europäesche Kontext leeën. D’Fedil ass fir méi Europa, standardiséiert Reegelen am Bannemaart an en gemeinsaamt Optrieden, fir um Weltmarché weider d‘Positioun ze verdeedegen. Dem René Winkin no schueden Cavalier Seulen ewéi beim Liwwerkettegesetz.
„Frankräich an Däitschland ware schonn no vir geprescht an haten hiert eegent gemaach. Mir hoffen elo, dass déi an dat neit europäescht Gesetz agebett ginn. Mir hunn ëmmer gesot, dass mir dee Projet mussen europäesch ugoen, well en all Produit an all Zerwisser betrëfft. Nëmme mat europäesche Reegelen hu mir richteg Impakt och no baussen.“
3 Fraen am neie Verwaltungsrot an d’Michèle Detaille, déi Éierepresidentin gëtt. D’Industrie bleift dominéiert vun de Männer, ma d‘Michèle Detaille gesäit awer Progrès an der Fro.
„Ganz oft komme jonk Fraen, déi ech net kennen, am Tram oder no Manifestatioune bei mech a soe mir Merci, fir alles, wat ech fir si gemaach hätt. Ech mengen, dass ech dat net fir si gemaach hunn. Ech hu just mäin Job gemaach, mä ech si mir bewosst, dass et wichteg ass, eng Virbildroll ze hunn. Dofir invitéieren ech all Fraen, déi Loscht hunn ze schaffen, fir Responsabilitéiten ze huelen. Mir brauche qualifizéiert Leit an der Industrie. An d’Frae si ganz dacks ganz qualifizéiert.“
En Encouragement, dat den neie President Georges Rassel ënnersträiche wëll.
Speziell Rotschléi fir hiren Nofollger hätt d’Michèle Detaille iwwerdeems net. De Georges Rassel wier perfekt fir deen Job z’iwwerhuelen. Als jonken Ingenieur huet hie bei Paul Wurth ugefaangen a gouf 2015 Generaldirekter vum Grupp. Hien huet méi ewéi 35 Joer Erfarung am Industriesecteur a konnt och d’Positioun vu Lëtzebuerg am Ausland materliewen a gestalten.
“Wéi mer Firmae gegrënnt hunn am Ausland, wéi mer d’Risiken, déi domat verbonne sinn, zum Beispill a Russland, hu misse materliewen, wéi mer d’Transformatiounen a China matgemaach hunn, wou gutt Iddien herno kopéiert goufen. Alles dat, géif ech soen, hunn ech a menger Karriär matgemaach. An duerfir mengen ech, sinn ech och hei bei deenen Themen, déi elo d’Industrie, wat d’Ekologie, d’Energie, d’Digitalisatioun betrëfft, relativ gutt gewappnet.”
Lëtzebuerg als Land an Deel vun Europa misst eng staark Industrie behalen a versichen, an neie Nische Virreider ze ginn. Zum Beispill am Beräich vun der Kreeslafwirschaft, der Kënschtlecher Intelligenz, dem Waasserstoff oder dem Weltall.
“Mir mussen déi richteg Talenter attiréiere kënnen, mat all deem wat dat bedeit. Fiskal Incentiven, Logementen, déi mer mussen hunn. A mir däerfen se net ofschrecken, dass se herno méi Prozeduren an administrativ Aarbechte mussen erfëllen, wéi sech mat der Innovatioun a mam Developpement vun hirer Firma kënnen ze beschäftegen.”

Den neie President vun der Fedil Georges Rassel ass e Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun. Live um 10 op 8 hei op der Antenn.