
Dat schreift de Statec a senger neister Note de conjoncture.
Fir de Grand-Duché geet ee weiderhin op d’Joer gesi vun enger Inflatioun vun ëm 6% aus, a vun 2,3% fir d’nächst Joer, sollt den Ukrain-Krich an den Approvisionnement vun der Energie net nach méi schro Ausmoossen unhuelen. Domadder wier Lëtzebuerg am EU-Verglach nach eent vun de Länner, wat am mannste vun der Hausse vun de Präisser impaktéiert wier.
E Méindeg haten de Statec an d’ADEM jo och wësse gedoen, dass de Chômage-Taux Enn Mee bei 4,6% louch. Domadder ware bal 3.400 Leit manner um Aarbechtstsamt ageschriwwen, wéi nach virun engem Joer.