
Den entspriechende Gesetzesprojet huet allerdéngs scho fir gréisser Diskussioune gesuergt, virop tëscht dem Mouvement écologique an dem Landesuebstbauveräin.
De Mouveco begréisst d‘Initiativ fir den nationalen Uebst- a Geméisbau ze fërderen. Gläichzäiteg feelt et hinnen u klore Critèren am Gesetz, wéi eng Ubau-Methoden an dësen Zäre solle genotzt ginn, wéi d‘Presidentin vum Mouveco Blanche Weber erkläert.
„Et kann een an den Zären, wéi och soss dobaussen, dat ganz propper maachen, also ouni Pestiziden, mat uerdentlechem Energie- a Waasserverbrauch, oder et kann een et héchstproblematesch maache mat héijem Energie- a Waasserverbrauch a Pestizid-Asaz. An et schéngt jo zu Lëtzebuerg awer Konsens ze sinn, dass mir awer wëllen en uerdentlechen Ubau maachen. Majo da soll dat och am Gesetz stoen. Dat ass och eng Saach vun Transparenz a vun Éierlechkeet an och vu juristescher Kloerheet.“
Eng weider Kritik ass, datt de Staat heimat just de Bau vun immens groussen Zäre fërdert. De Landesuebstbauveräin léisst déi Kritik net gëllen. An hiren Aen ergänzt een heimat dat aktuellt Agrargesetz, dat méi fokusséiert ass op d‘Fërderung vu klengen a mëttelgrousse Betriber. Gréisser Zäre fënnt de President vum Landesuebstbauveräin Jean-Claude Muller awer och net problematesch. Am Géigendeel misst esou eng Zär eng gewësse Gréisst hunn, fir iwwerhaapt kënne rentabel ze sinn.
„Op der belscher Grenz hu mir eng Zär vun engem Hektar an déi wäert och elo erweidert ginn op e weideren Hektar. Dat ass esou eng Gréisst, déi dann och ekonomesch rentabel ass an ekonomesch ze féieren ass, wou een och eppes ka maachen. Dat ass och genau eist Uleies, et däerf net sinn, wéi an anere Beräicher, wou mir op der Grenz herno Zären hunn, déi awer op Lëtzebuerg liwweren. Mir sollen hei am Land, an d‘Landwirtschaft hei am Land soll och kënne vun där Technologie profitéieren.“
Dës Zäre kéinten a géifen dann och meeschtens ganz Waasser- an Energieeffizient a quasi ouni Pestizide gefouert ginn, erkläert de Jean-Claude Muller weider. Ma fir dës Detailer an d‘Gesetz ze schreiwen, hält hien net fir néideg.