CCDH kritiséiertDisproportionéiert Strofen am Gesetzesprojet iwwer aggressiv Heescherei

Monique Kater
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun weist sech besuergt iwwer de Gesetzesprojet, deen ënnert anerem virgesäit, déi aggressiv Heescherei ze bestrofen.
CCDH kritiséiert Gesetzesprojet iwwer aggressiv Heescherei
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun weist sech besuergt iwwer de Gesetzesprojet, deen ënnert anerem virgesäit, déi aggressiv Heescherei ze bestrofen.

D’CCDH huet e Freideg de Moien hiren Avis zu deem Text presentéiert, deen am Summer zejoert vun der Justizministesch Elisabeth Margue an der Chamber deposéiert gouf. D’Mënscherechtskommissioun begréisst zwar, datt déi aktuell Bestëmmungen iwwer d’Heescheverbuet aus dem Code pénal solle gestrach ginn, bei direkt e puer Punkten äussert d’CCDH awer Bedenken.

CCDH iwwer agressiv Heescherei / Marlène Clement

Virop wier déi aggressiv Heescherei am neien Text net kloer definéiert, kritiséiert d’Juristin vun der Mënscherechtskommissioun Charlotte Brouxel.

“De Gesetzesprojet gëtt nëmmen e puer Beispiller un, wéi engem de Passage ze blockéieren, een ze beréieren, een unzejäizen, andeems een heescht, awer léisst vill Onsécherheeten. Ouni eng kloer Definitioun besteet ee Risiko vun Interpretatiounen, déi jee nom Fall ze breet oder ënnerschiddlech sinn.”

D’Strofe fir déi aggressiv Mendicitéit sinn der CCDH no och vill ze héich. Bis zu zwee Joer Prisong gesäit de Gesetzesprojet vir, an eng Geldstrof vu bis zu 3.000 Euro. Dat wier disproportionéiert am Kontext vun Akten, déi dacks mat Prekaritéit verbonne wieren.

“Leit a prekäre Situatiounen, déi schonn an engem alldeegleche Kampf ëm d’Iwwerliewe sinn, kënnen esou eng Geldstrof net bezuelen. Dat kéint deemno wéi zu zousätzleche Sanktioune féieren, wéi d’contraintes par corps, also eng Prisongsstrof wéinst dem net-Bezuele vun enger Geldstrof.”

Eng sozial Approche wier hei méi ubruecht, ewéi streng an onprezis Sanktiounen, ënnersträicht d’Mënscherechtskommissioun. Hir Presidentin, Noémie Sadler, mengt iwwerdeems, datt de Gesetzesprojet en Deel vun engem allgemeng méi repressiven Trend vun der Regierung ass.

“Dat zum Nodeel vu soziale Léisungen. Ech erlabe mer hei kuerz opzezielen, wéi den Accès zu der Wanteraktioun, déi jo och limitéiert gouf, de Platzverweis renforcé, dee jo och nach an der Maach ass, an dann eben och deen avant-projet de loi vun de Rassemblementer.”

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun rifft d’Regierung deemno dozou op, d’Definitioun vun der aggressiver Heescherei nach emol ze iwwerschaffen an d’Strofen erofzesetzen, hiren Avis ass e Freideg un d’Regierung gaangen.

© Helder Loureiro Alves da Silva

Back to Top
CIM LOGO