Logement an der StadD'Jacqueline (92) an d'Tekla (67) mussen aus hirer Wunneng eraus

Romain Van Dyck
Am Gebai si 4 Appartementer, an deenen eeler Frae wunnen. Si alleguer mussen eraus.
D'Jacqueline (92) an d'Tekla (67) mussen aus hirer Wunneng eraus
Am Gebai si 4 Appartementer, an deenen eeler Frae wunnen. Si alleguer mussen eraus

D’Jacqueline wunnt zanter 50 Joer an hirem Appartement, dat si zu Märel lount. Si huet 92 Joer, kënnt aus der Belsch, huet keng Famill méi. D’Hallschent vun hirem Liewen huet si an dësem Appartement verbruecht. Am Oktober 2024 krut si e Bréif, dass si ab dem 15. Mee muss eraus sinn. Et wier de “gréisste Schock” vun hirem Liewen.

Fir d’Jacqueline ass et net nëmmen eng Wunneng, déi si verléiert, ma och d’Frëndschaft, déi si mat deenen aneren Dammen huet. “On était quatre locataires, toutes des femmes, et on se connaissait très bien ! On jouait aux cartes ensemble, on se rendait des petits services, on se déguisait pour Halloween... On n’était pas des voisines, mais des amies”, esou d’Jacqueline.

Elo kämpft se mat hirer physescher Gesondheet a muss Medikamenter huelen, well d’Situatioun ass schwéier. Si wunnt eleng, ass komplett onofhängeg. Hir eenzeg Optioun: an d’Altersheem. Mee do misst se waarden, dass nach zwou Persoune stierwen, ier si eng Plaz kritt. Bis Mee denkt si wier dat onrealistesch.

D’Tekla wunnt um Stack iwwert dem Jacqueline, an huet nach méi e kuerzen Delai ewéi d’Jacqueline. Vun Enn Oktober bis den 31. Januar huet d’Tekla Zäit, en neit Doheem ze fannen. Ufank Januar hat si nach keen Appartement fonnt, an denkt och net, dass si eppes wäert fannen. Net bis Hierscht.

I’m asking for help. Because I cannot find a place to live in three months. Especially in Luxembourg. It’s nearly impossible”, seet d’Tekla. “It would be a dream come true that, in three months, I would be in a new home. If someone just gave me the chance to rent a two-bedroom apartment at a reasonable price.

D’Tekla kënnt aus Island, huet duerch hiren amerikanesche Papp och an de Vereenegte State gewunnt. Hire Wee huet si awer op Lëtzebuerg bruecht, wou si als Coiffeuse schafft, an de Mindestloun verdéngt. Och mat hire 67 Joer schafft si nach. En neit Appartement ze lounen, ass awer schwéier, well hire Budget immens limitéiert ass.

De Grond: Renovatiounsaarbechten

An hirem Bréif un d’Locatairen huet d’Proprietärin vum Gebai d’Annulatioun vum Loyer mat “seriöen a legitimme Grënn” justifiéiert, nämlech wieren “d’Renovatiounsaarbechte vun esou enger grousser Skala, datt d’Appartement wärend den Aarbechten net bewunnbar ass”. Dat heescht ënner anerem “d’Renovatioun vun der Kanalisatioun vum Gebai, d’Erneierung vun der elektrescher Installatioun, eng nei Heizung, d’Installatioun vun enger neier ageriichter Kichen a Buedzëmmer”.... E grousse Chantier, deen der Proprietärin wuel erméigleche soll, d’Loyeren ze erhéijen.

D’Jacqueline gëtt zou, datt si all dës Jore privilegéiert war. Hiert Appartement ass eng Raritéit zu Lëtzebuerg: bal 140 Quadratmeter, dräi Schlofkummeren, eng grouss an hell Stuff; an dat alles bei engem Loyer, dee wäit ënnert der Moyenne läit. “Je suis consciente que le loyer était assez bon marché. Mais il suffisait de nous dire qu’ils allaient nous augmenter. Nous étions prêtes à payer le double”, seet d’Jacqueline.

Déi zwou aner Fraen, 84 a 86 Joer al, hu schonn en neit Doheem fonnt.

Onméiglech, erëm esou en Appartement ze fannen

Mir hunn d’Agence kontaktéiert, a kruten dës Äntwert: “La situation des deux locataires n’est pas comparable”. D’Jacqueline lount hiert Appartement vun 137,62m2 zanter 1976, an de Loyer läit bei 1.200€. Der Tekla hiert Appartement huet déi selwecht Surface, ma hire Loyer ass méi déif ewéi 1.000€. “Ces deux loyers sont effectivement très réduits, et il est évident que ces deux dames ne pourront retrouver un logement équivalent à Luxembourg. Nous espérons qu’elles ont su apprécier à sa juste valeur l’effort consenti par le propriétaire pendant toutes ces années.”

D’Agence mécht och drop opmierksam, dass si net fir Schold um schwierege Logementsmarché sinn; si wiere sech awer bewosst, dass et Schwieregkeete ginn. “Cependant, il est important de noter que la situation est encore plus dramatique pour des couples avec enfants. La hausse des loyers est principalement liée à une forte demande, à la crise immobilière et aux taux d’intérêt élevés, qui ont considérablement ralenti les nouvelles constructions.

Une rénovation complète de l’immeuble, après 50 ans d’existence, est devenue incontournable. Cette décision nous oblige à demander aux locataires de quitter les lieux, tout en veillant à ce que leur départ se fasse dans des conditions les plus favorables possibles.

RTL Infos: Jacqueline, 92 ans, est forcée de déménager : “C’est le pire choc de ma vie”

Back to Top
CIM LOGO