NeijoerschpattD'KPL wënscht sech, datt 2025 e Joer vum Fridden a vum soziale Fortschrëtt gëtt

RTL Lëtzebuerg
D'KPL war wuel déi politesch Partei, déi déi dichtegst international Gäscht op hirem Neijoerschpatt hat.
D'KPL wënscht sech, datt 2025 e Joer vum Fridden a vum soziale Fortschrëtt gëtt
D’KPL war wuel déi politesch Partei, déi déi dichtegst international Gäscht op hirem Neijoerschpatt hat.

Neijoerschpatt vun der KPL / Reportage Dany Rasqué

De chineeseschen Ambassadeur an e weidere Vertrieder aus der Ambassade hate sech et net huele gelooss, fir e Freideg den Owend mat de Genossinnen an de Genosse vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg zu Nidderkuer, beim Fiisschen, ze prosten. En Owend op deem d’Parteispëtzt zwee Haaptmessagen hat.

Fir d’alleréischt, seet de Parteipresident Ali Ruckert, wier et an Zukunft néideg, datt all déi fortschrëttlech Kräften eng Rei Projete verhënneren, déi d’Regierung annoncéiert huet.

“Dat heescht d’Kollektivverträg verschlechteren, d’Gewerkschaftsrechter ofbauen, d’Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Eenzelhandel a vläicht Verschlechterunge bei de Renten.”

Deen zweete Message verbreet d’KPL schonn zënter e puer Wochen. Si ass kategoresch géint d’Militariséierung, en obligatoresche Militärdéngscht oder eng Reservearméi.

“Mir hu scho virun enger Rei Lycéeë Fluchziedele verdeelt a mir fuere mat där Campagne virun, well mer mengen, dass déi jonk Leit an éischter Linn dovu betraff sinn. Mer mengen dat wier ganz schlecht. Et wier besser si géife gutt ausgebilt ginn, d’Regierung géif dofir Suen zur Verfügung stellen.”

Den Zoustand vun der aktueller Situatioun op der Welt mécht der KPL Suergen, well queesch uechter d’Europäesch Unioun eng neo-liberal Politik géif gemaach ginn.

“Fir eeben déi sozial Errongenschaften aus de leschte Joerzéngte radikal ofzebauen an dat féiert natierlech dozou, datt d’Leit rose ginn, mä datt se dann déi falsch Solutioune sichen an en Deel vun de Leit da rietsextrem oder faschistesch Parteie wielen, esou wéi mer dat schonn an eisen Nopeschlänner gesinn hunn an dat ass natierlech eng grouss Gefor fir eis Demokratie.”

D’KPL huet sech fir dëst Joer ënnert anerem virgeholl hir Sektioune weider opzebauen, nei Memberen unzezéien an hir Presenz am Internet an op verschiddene Plattformen ze verstäerken.

PDF: Ried Ali Ruckert

Back to Top
CIM LOGO