En Donneschdeg ass déi leschte Chamber-Plenière virun der Summervakanz. A vun der Zäit virum Congé profitéieren déi verschidde Fraktiounen traditionell, fir d’Press op een Iessen ze invitéieren an op dat politescht Joer zeréckzekucken. Um Méindeg war et un deene Gréngen. Schaarf Kritik un der CSV-DP-Regierung gouf et dobäi net. Wat d’Zukunft ugeet, wëllt een iwwerdeems zu den eegene Wuerzelen zeréck.
Ënnert bloem Himmel an deels bei engem Pättche roude Wäin gouf bei deene Gréngen de politesche Bilan vum leschte Chamberjoer gezunn. A well Blo-Rout-Gréng zanter de leschte Chamberwalen, anescht wéi op der Terrass, um Krautmaart keen Trio méi ass, sëtzen déi véier Deputéiert, déi déi Gréng nach hunn, op der Oppositiounsbänk. Do hätt ee sech relativ séier nei opgestallt, fënnt d’Spriecherin vum parlamentaresche Grupp, Sam Tanson. An dat wier och néideg gewiescht, well och wann déi nei Majoritéit gutt ugefaangen hätt, zum Beispill mam Abanne vun der Zivilgesellschaft an d’Koalitiounsgespréicher oder der Moderniséierung vun de Chamberprozeduren, hätt ee séier negativ Tendenze bemierkt.
“Dat wat eis am meeschte bedenklech stëmmt, dat ass d’Ëmwelt- a Klimapolitik. Et gëtt gesot, d’Leit sollen net genervt ginn, mee et ginn awer vill Aidë gekierzt an Ënnerstëtzung fir eben, datt mer eis anescht Saachen anescht kënnen opstellen. An der Transitioun, datt mer anescht kënnen Energie gewannen, mat Solarzellen, datt mer anescht kënne fortbeweegen, mat der Elektromobilitéit.”
Fir déi nächst 12 Méint wéilt een de Schwéierpunkt dann och op d’Ëmwelt- an d’Klimapolitik leeën. Et misst een d’Leit mathuelen an hinnen d’Chancë weisen, déi Ännerungen an deene Beräicher kéinten hunn.
Dat wäert een ouni de François Bausch maache mussen. De fréiere Minister geet jo an déi politesch Pensioun an iwwerléisst seng Plaz an der Chamber der Djuna Bernard. Mat Bléck op dat schlecht Ofschneide bei deene leschte Chamberwale weist hie sech duerchaus selbstkritesch.
“Wann aner Parteien dobausse konnte soen, mir géingen d’Leit nerven, da war dat sou, well et ee reellen Hannergrond an der Gesellschaft gouf, deen awer menger Meenung no net richteg war. Mee do läit de Problem awer éischter bei eis, datt mir et net fäerdeg bruecht hunn, eis Iddien, déi wéi gesot eigentlech de Leit herno ee bessert Liewe wäerte bréngen, fir déi sou no baussen duergestallt ze kréien.”
Dat géing awer net heeschen, datt een alles falsch gemaach hätt. Ee Beweis dofir wier zum Beispill, datt déi nei Regierung gréng Projete virundreiwe géing. Besonnesch frou wier hien doriwwer, datt de Mobilitéitsplang 2035 net a Fro gestallt géing ginn.
De Meris Sehovic iwwer d’Situatioun ronderëm de Pim Knaff
A Fro gestallt gëtt par Konter vu ville Leit, datt den Escher DP-Schäffe Pim Knaff nach ëmmer am Gemengerot sëtzt, obwuel hie wéinst Steierhannerzéiung verurteelt gouf. Zu Esch gëtt et jo eng Koalitioun tëscht CSV, DP an deene Gréngen. Déi Gréng haten d’Festhale vum Pim Knaff u sengem Poste kritiséiert. Um Bord vun der Pressekonferenz hu mir de Grénge Co-Parteipresident an Escher Schäffe Meris Sehovic op méiglech Konsequenzen ugeschwat.
“Vu menger Säit ass mengen ech alles gesot. Déi Gréng Lokalsektioun-Esch ass jo zesummekomm an huet zesummen eng Decisioun geholl wéi se par-Rapport zu där Situatioun wëllt weiderfueren. Mir hu kloer gemaach, datt ee Grénge Mandataire anescht hätt musse mat där Situatioun ëmgoen, wéi dat lo hei geschitt ass, mir hunn och eist Bedaueren iwwer d’Kommunikatioun an den Ëmgang mat där Affär ausgedréckt. Mee am Endeffekt ass all Partei an all Mandataire fir sech selwer responsabel an ass responsabel, fir do déi richteg Konsequenzen ze zéien. Dat kënnen déi Gréng net fir aner Parteie maachen.”
Et wéilt ee mat der Koalitioun virufueren a sech weider dofir asetzen, Esch méi liewenswäert a gréng ze maachen.