Internationalen Dag vun de KonsumenterechterD’Leit wëssen ëmmer besser Bescheed iwwert hir Rechter

RTL Lëtzebuerg
Den europäeschen Zenter fir Konsumenten, deen et och hei zu Lëtzebuerg gëtt, war zejoert mat méi wéi 4.500 Dossiere befaasst.

Konsumenterechter / Reportage : Emmanuelle Schmit

De Gros dovu ware Reklamatioune vu Lëtzebuerger Konsumenten, déi Problemer mam Commerce an engem aneren EU-Land haten. Och auslännesch Konsumenten, déi mat Lëtzebuerger Betriber a Konflikt koumen, hu sech beim CEC gemellt. All 9. Persoun huet sech iwwer Fluggesellschaften beschwéiert. Domadder sinn d’Airlinen ëmmer nach déi mat deene meeschten Plainten, wéi den Thomas Segrétain, Direkter vum europäeschen Verbraucherzenter erkläert:

Thomas Segrétain :

“Le transport aérien forcément, tout simplement, il y a de plus en plus personnes qui voyagent. Quelque ce soit au Luxembourg, au niveau européen également, donc de plus on voyage, de plus on peut être confronter aussi à ce genre de situation. Et forcément on entend parler de ça, donc on est au courant de nos droits, et on sait qu’on a des droits, donc on veut les faire appliquer. Donc voilà c’est vraiment quelque chose je pense qui explique pourquoi aussi le secteur aérien est si présent.”

© Emmanuelle Schmit

An engem konkrete Fall waren zum Beispill 2 Lëtzebuerger betraff, déi duerch eng Annulatioun vun hirem Fluch blockéiert waren an hir Hotelskäschten net zréckkruten, bis d’europäesch Konsumenteschützer intervenéiert sinn.

D’Fäll, déi behandelt ginn, si ganz verschidden. Och e Konsument aus Éisträich, dee Suen vun enger Kreditkaart ofgebucht krut, déi en ni hat, ass réischt dunn zu sengem Recht komm, wéi de Verbraucherzenter Drock bei senger Bank gemaach huet. Alles an allem hunn déi betraffe Leit duerch d’Hëllef vum Vebraucherzenter d’lescht Joer bal eng Millioun Euro zréckbezuelt kritt.

D’Erfarunge beweisen, dass Leit ëmmer besser informéiert sinn:

“Cette étude devrait être fait au niveau européen, mais aussi au niveau national. Dans tous les cas, il y a des actions de communication, qui sont fait de la part de tous les acteurs, pour justement aller vers cet objectif, d’informer au mieux les consommateurs et qu’ils sachent, connaissent leurs droits et du coup prennent des décisions éclairées.”

Den CEC bitt eng gratis Berodung fir all Fro, déi iwwert Grenzen erausgeet.

Back to Top
CIM LOGO