D’Lënster Gemeng feiert den Dag vum Bam dëst Joer e bëssen aneschters wéi soss. Amplaz direkt beim Bësch oder op engem Bongert gouf d’Bam-Planz-Aktioun nieft de Sportkomplex “Op Fréinen” verluecht.
Eng Aktioun, déi dem Bierger och nom Dag vum Bam konkret eppes soll bréngen. Speziell ass hei d’Wiel vun de Bam-Zorten, déi begéint een nämlech éischter op där anerer Säit vum Atlantik.