Den Unesco-Geopark am MëllerdallD'Lëtzebuerger Schwäiz zitt pro Joer ronn 160.000 Wanderer un

RTL Lëtzebuerg
De Naturpark Mëllerdall ass zanter dësem Joer, dem 13. Abrëll, op der Lëscht vun den Unesco-Geoparken.
Geopark Mëllerdall
Den Naturpark Mëllerdall ass zanter dem 13. Abrëll op der Lëscht vun den Unesco-Geoparken, eng weltwäit Unerkennung.

Eng weltwäit Unerkennung fir ee Gebitt, dat iwwer 10 Prozent vum nationalen Terrain ausmécht. Wat d’Wieder méi schéi gëtt, wat och méi Lëtzebuerger de Charme vun dësen aussergewéinleche Landschaften entdecken. Joerhonnerten u Geschicht an e räicht geologescht Ierwe kann een entdecken, sief et mam Vëlo, um Trëppeltour oder beim Kloteren.

Et ass eng Natur, déi üppeg a wëll ass. Déif Däller, héich Fielsen, geformt iwwert Joerhonnerten. Op 256 Quadratkilometer am Oste vum Land läit den Natur- a Geopark “Park Mëllerdall” an erlaabt senge Besicher an eng joerdausendal Geschicht anzedauchen. Et ass eng aussergewéinlech Géigend, déi elo och unerkannt gëtt vun der Unesco. Mëtt Abrëll ass den Naturpark Mëllerdall zu engem vun den 177 Geoparken op der Welt ernannt ginn. Fir Lëtzebuerg ass dat eng Première.

Déi aussergewéinlech Forme si virun 200 Millioune Joren entstanen. Do war op dëser Plaz nach ee Mier, do, wou haut Fielsen a Steng sinn. D’Waasser huet d’Landschaft bis haut gepräägt an dat interesséiert och Wëssenschaftler. D’Birgit Kausch ass Geowëssenschaftlerin. Si recherchéiert a schafft zanter 16 Joer un dësem Site.

“An deem Mier gouf et eng Stréimung. An déi Stréimung huet Sandkären, déi mat de Flëss an d’Mier gespullt goufe laanscht eng Plage gespullt an do ofgelagert. An do ass eng Schicht no der anerer ofgelagert ginn an dat ass mat der Zäit verfestegt ginn an dobäi ass de Lëtzebuerger Sandsteen entstanen.”

Ofhängeg vun der Plaz kann de Lëtzebuerger Sandstee bis zu 100 Meter an d’Luucht goen. Esou héich wéi d’Héichhaiser zu New York. D’Géigend kennt ee jo och nach ënnert dem Numm “déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz”. Eng Ofwiesslung, déi Spadséiergänger aus der ganzer Welt unzitt. De Mëllerdall besteet aus ronn 100 Wanderweeër, déi 11 Dierfer mam Site verbannen. All Joer gi ronn 160.000 Leit am Mëllerdall gezielt. Déi meescht dovunner aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an Holland. Eng Wanderin aus Däitschland erzielt vun hiren Impressiounen.

“Das haben wir nicht vermutet, dass Luxemburg so bergig ist. Wir hatten gedacht, dass es ähnlich wie Belgien oder Holland ist, aber dann kommt man hierher und dann denkt ‘Wow! Was ist das hier? Das ist ja total toll!’”

D’Loscht op d’Natur ass grouss no bal zwee Joer Pandemie. Mam Ophiewe vun de sanitäre Mesurë sinn och nees méi Touristen aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm. Am Joer 2020 hu 656.000 Leit hir Vakanz am Grand-Duché verbruecht. Eng Destinatioun, déi sech och d’Nadia Beunckens aus der Belsch erausgesicht huet.

“Wärend der Pandemie si mir an der Belsch bliwwen. Vun elo kënne mir an déi verschidde Länner reesen. An hei ass d’Natur super.”

D’Elise van Bosveld Heinsius féiert ee Camping am Häerze vum Mëllerdall. Si mierkt, dass d’Pandemie och d’Gewunnechte vun de Lëtzebuerger beim Reese verännert huet. Nom Lockdown hu si de Camping nees opgemaach a wäre bal iwwerrannt ginn. Mëttlerweil géifen och vill Lëtzebuerger op de Camping kommen an och ëmmer nees rëmkommen. Elo géif ee sech duerch d’Unerkennung vun der Unesco nach méi Undrang erwaarden.

Mir si ganz houfreg, dass mir eis elo Unesco Global Geopark kënnen nennen. Ech denken, dass dat ee ganzen Effekt no baussen huet, datt d’Regioun Mëllerdall méi visibel no bausse gëtt. An och, dass d’Leit méi opmierksam dorobber ginn an eis Regioun méi besichen.”

Dëst räicht a wëllt Universum existéiert an Harmonie mat de Leit, déi do wunnen an dëse Bijou vun engem aussergewéinleche Site erhalen, schützen a verbesseren. De Mëllerdall Park sinn 10 Prozent vum nationalen Terrain, mä och en natierleche Schatz, deen elo och an den Ae vun der Welt unerkannt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO