D’CSV-DP-Regierung wier komesch, esou d’Parteipresidentin Francine Closener, mä se wier net witzeg. D’LSAP géif hir awer mat Determinatioun an Iwwerzeegung de Bass halen.
Et géif een net zouloossen, datt d’CSV an d’DP alles futti maachen, wat si iwwer Joerzéngten opgebaut hunn.
D’LSAP géif eng Politik fir déi ganz Gesellschaft maachen an net exklusiv fir d’UEL, d’Fedil oder d’Federation des artisans, déi bréichten d’LSAP net. Déi Lobbyistn séize scho bal sou fest beim Premier um Schous, wéi den Elon Musk beim Trump.
“Et ass mat der sozialer Gerechtegkeet, wou eis Demokratie hält oder fält”, esou den neien LSAP-Generalsekretär Sacha Pulli. Et misst een eng credibel Alternativ zu der riets-konservativer Well sinn, déi den Ament iwwer Lëtzebuerg, Europa an och iwwert d’Welt rullt.
“Dat, wat ee bis elo mat där neier Regierung erlieft huet, ass e Klassekampf vun uewen no ënnen”, esou de Parteipresident Dan Biancalana. Dat géif si zum Beispill mat der Pensiounsreform weisen.
Et bréicht een eng Politik, déi de Leit konkret eppes bréngt. Eng Politik, déi d’Ongerechtegkeeten net nëmmen uprangert, mä och eppes ännert. Et bréicht een eng Politik, déi sech net der sozialer Keelt verschreift. Der LSAP hir Roll wier et, grad deene Leit, déi a schwierege Situatioune sinn, Perspektiven ze bidden. Wann een net fir déi Leit do wier, géife se d’Vertraue verléieren an eriwwer bei déi Riets an d’Extremiste lafen an deenen hire Lige gleewen.
D’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding huet ënnerstrach, datt een de Leit misst nolauschteren a sech fir si misst asetzen. Et misst een Drock op d’Regierung maachen, eebe grad, datt se hir Politik ännert. Dat géif och klappen.
De Luc Frieden an de Georges Mischo hätten zum Beispill missen zeréckrudderen, wéi se de Gewerkschaften d’Exklusivrecht fir d’Kollektivverträg auszehandelen, wollten ewech huelen.