
36-Stonne-Schaffwoch
D’Chambre des salariés fuerdert, dass d’Aarbechtswoch vu 40 op 36 Stonnen erofgesat gëtt an dat kéint souguer Realitéit ginn. Am RTL-Interview seet den Aarbechtsminister George Engel nämlech, dass hie prinzipiell net géint eng 36-Stonne-Woch ass. Eng Etüd soll dann elo weisen, wat d’Vir- an Nodeeler vun enger méi kuerzer Schaffwoch sinn.
Mënschlechen Tetris?
Déi däitsch Polizisten hunn net schlecht gestaunt, wéi si en Auto ugehalen hunn, an deem ganzer 12 Persounen dra waren. Wuelverstanen, den Auto war net fir 12 Passagéier geduecht.
Lëtzebuerger Sprooch a Gefor?
Dat war dës Woch de Sujet am Kloertext. Déi eng gesinn d’Lëtzebuerger Sprooch als eng Sprooch, déi lieweg an attraktiv ass. Déi aner behaapten, d’Lëtzebuerger Sprooch wier a Gefor. Hei fannt Dir déi ganz Emissioun.
Al sinn, jonk bleiwen!
An der neister Episod Pisa - De Wëssensmagazin erkläert den Olivier Catani, wisou een al gëtt a wéi ee jonk bleift. Dobäi test hien, wéi et sech kierperlech ufillt, wann een ëm déi 80 Joer al ass a wéi ee mat virtueller Realitéit och am Kapp fit bleiwe kann.
Passend dozou hat Dir d’Wuert
Wisou kréien ech kee Prêt? Wéi soll ech iwwerhaapt nach eng Wunneng fannen? E Mëttwoch konnt Dir Är Froen zu der aktueller Situatioun um Logementsmarché stellen. Beäntwert goufen d’Froe vun den zwee Experte Charel Pletsch vun der Spuerkeess a Mike Mathias vum Logementsministère.
Eppes fir d’Oueren
An der neier Episod Achtzeger Kult geet et ëm d’Kim Wilde - Pop-Ikon, Landschaftsgäertnerin, Love Blonde a Girl Next Door. Zesumme mat Brudder a Papp huet d’Kim hirerzäit d’Charts opgemëscht. Vu “Kids in America” bis “Four Letter Word”, eng 80er-Success Story mat vill Musek an Anekdoten.
Dierf Ären Hond mat op d’Aarbecht?
D’Konzept vum “Office Dog” ass net onbeléift. A verschiddene Branchen zu Lëtzebuerg kann een hautdesdaags säin Hond mat op d’Aarbecht huelen. E legale Kader gëtt et net. Deemno bleift et um Chef, ze decidéieren, ob Jo oder Nee.
Den Autosfestival geet rëm lass
Et solle fläisseg Autoe verkaf ginn. An dësem Kader huet eisen RTL-Reporter sech mam Tim Welter getraff, dee schonn zënter 50 Joer am selwechte Garage schafft.