Firwat sinn d'Diskussiounen iwwert Sprooch sou emotional an och politesch zu Lëtzebuerg?

"Lëtzebuergesch ass eng vollwäerteg Sprooch, déi mer nach weider kënnen ausbauen." Dat huet den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Luc Marteling, en Donneschdeg den Owend am Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg ënnerstrach.

Den neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Pierre Reding, seet eis Sprooch wier hautdesdaags vill méi emanzipéiert. Si wier lieweg, géif sech entwéckelen a wier och attraktiv. Vill Leit wéilten se léieren.

An awer gëtt et Leit, déi behaapte Lëtzebuergesch wier a Gefor.

Ee vun hinnen ass den Tom Weidig. Hien ass ënnert anerem Member vun der Exekutiv vun der ADR a Co-Auteur vum Buch "Mir gi Lëtzebuerg net op". Hie bedauert, datt d'Lëtzebuergescht net méi genuch geschwat géif.

"Fir mech ass e Lëtzebuerger een, dee mat mir Lëtzebuergesch schwätzt. Ob en elo de Lëtzebuerger Pass huet oder net. Ech menge schonn datt do eng Gemeinsamkeet ass, well déi Sprooch existéiert soss néierens op der Welt."

D'Valerija Berdi ass als Kand aus Ex-Jugoslawien an d'Land komm. Si ass Kulturjournalistin beim Radio 100,7 a fir si ass d'Sprooch mol fir d'alleréischt e Kommunikatiounsmëttel.

D'Kommunikatioun mateneen ass och fir den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch dat wichtegst Zil, nieft der Integratioun a Lëtzebuergesch ass eng kulturell Sprooch seet de Luc Marteling, dee mat den Aussoe vum Tom Weidig net averstanen ass.

"Ech wiere mech dogéint, datt ee seet 'Wien Lëtzebuergesch schwätzt ass Lëtzebuerger, wien Lëtzebuergesch schwätzt, huet e Lëtzebuerger Pass verdéngt, wien de Pass huet, ass integréiert.' Ech mengen, datt et net esou einfach ass. Mir héieren et bei de Motivatiounen. Eng Sprooch léieren, dat kann en egoisteschen Akt sinn. Dat muss kee patrioteschen Akt sinn. Ech fannen et och bësse komesch, datt mer et als Schwächt oder als Problem gesinn, datt een zu Lëtzebuerg mat anere Sprooche kann iwwerliewen. Ech fannen dat ass eng Stäerkt vun eis, datt een dat kann."

Am Alldag géif een awer feststellen, datt Lëtzebuergesch ëmmer méi ecartéiert gëtt, fënnt den Tom Weidig, haaptsächlech vum Franséischen. Hien probéiert et dofir mat Englesch.

"Wat ech dacks maachen, ech schwätzen einfach Englesch hei zu Lëtzebuerg, well ech besser Englesch kann. Da fillen ech mech méi sécher, wéi wann ech op Franséisch muss schwätzen."

D'Valerija Berdi weist an där Diskussioun drop hin, datt een net just vu sech soll ausgoen.

"Dir hutt Franséisch net gär, well der dat net esou gutt kënnt, net gutt konnt léieren oder net gutt wollt léieren. Englesch kënnt der ganz gutt, hutt der elo e puer Mol gesot. Dat heescht fir Iech ass dat en Argument, dass elo ganz Lëtzebuerg soll kee Franséisch méi léieren, mä just nach Englesch a Lëtzebuergesch. Déi Franséisch Sprooch huet jo awer eng Wuerzel hei am Land."

Datt Lëtzebuergesch iwwerlieft, do ass den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch sécher. D'Fro wier just wéi e Lëtzebuergescht iwwerlieft. Datt dat an 10 oder an 20 Joer een anert wier, ewéi dat vun haut, wier e Fakt.

Do gëtt aktuell Beispiller. Ënnert anerem dat hei: Drénkt Dir Moies Kaffi oder früstückt der? Déi eng schuddere sech bei deem Wuert, déi aner benotzen et scho laang an hirem alldeegleche Sproochgebrauch.

Beim LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, huet een do zwou Méiglechkeeten, seet de Luc Marteling:

"Entweder mir huelen et op, oder mir huelen et net op. Hallef ophuele geet schlecht. Déi schlechtst Léisung ass fir mech, wann een et héiert an ee well wëssen, wéi et geschriwwe gëtt, et tippt et an an d'Resultat ass Null. Dann ass kengem gehollef an et ass och net gutt fir en Internetsite, wann e keng Äntwert gëtt. Huele mer et op, sinn déi eng frou. Se ginn da vläicht gewuer, datt mer et ouni "H" schreiwen am Lëtzebuergeschen, déi aner déi Knäll, mir wären am Gaang d'Sprooch futti ze maachen an d'Abendland géing ënnergoen an esou weider."

«Früstücken» dierft deemnächst an den LOD opgeholl ginn, well et vill am Gebrauch ass, mä dat géif net bedeiten, datt dat eng Recommandatioun ass fir d’Wuert ze benotzen. Bei esou Wierder kënnt e Synonym dobäi stoen an et gëtt präziséiert, datt et nach en neit Wuert ass.

"Mir mussen de Leit nolauschteren, wat se schwätzen!" Dat seet och de Pierre Reding, den neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

"Grad dat zeechent aus, datt d'Lëtzebuergescht eng lieweg Sprooch ass. D'Sprooch muss ëmmer d'Wierklechkeet erëm ginn. Mir hunn haut eng aner Wierklechkeet, wéi viru 50 Joer, eng aner Wierklechkeet, wéi virun 100 Joer. Dass do Wierder verschwannen, dat ass leider esou, da sti se op eemol net méi am Dictionnaire, da musse mer se awer soss enzwousch versuergen. Dat heescht mir hunn och d'Flicht, eis ëm dee Patrimoine ze këmmeren."

Kloertext: Ons Sprooch / Reportage Dany Rasqué

Eis Invitéeën am Kloertext sinn

Luc Marteling

Direkter Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Auteur an Editeur
fréiere Journalist

RTL

© Eric Steichen

Pierre Reding

Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch
1er Conseiller am Educatiounsministère
Direktioun Integratioun

RTL

© Eric Steichen

Valerija Berdi

Kulturjournalistin beim 100,7
fréier Enseignante engagéiert an der Integratioun
ass als Kand aus Ex-Jugoslawien an d’Land komm

RTL

© Eric Steichen

Tom Weidig
Tresorier Actioun Lëtzebuergesch
Member vun der ADR Exekutiv
Co- Auteur vu «Mir gi Lëtzebuerg net op»

RTL

© Eric Steichen

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)