
Trageschen Tëschefall zu Esch
Virun enger Woch hat e 25 Joer ale Mann Leit um Trainingsterrain vun der Jeunesse mat zwee Messeren agresséiert. Hie gouf vun e puer Persounen immobiliséiert. En 22 Joer ale Mann huet doropshin eent vun de Messere geholl an op den ursprénglechen Täter agestach. Dësen ass u senge Blessure verscheet. De Mann setzt elo an Untersuchungshaft.
Ukrain kritt Panzere geliwwert
Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet decidéiert, dass 14 Panzeren an d’Ukrain geliwwert ginn. Dat wäert awer kee Krich tëscht NATO a Russland ausléisen, sou en Expert an internationale Bezéiungen.
Finanziell Erliichterung fir Psychotherapie-Patienten
Vum 1. Februar u ginn Psychotherapië vun der Krankekeess rembourséiert. Jonker ënner 18 Joer kréien 100 Prozent zeréck, Erwuessener 70 Prozent.
Däitlech méi Demande fir ze Lounen, awer net genuch Offer
D’Immobiliëplattform atHome huet d’Zuele vun 2022 publizéiert. Lounen ass deemno däitlech méi gefrot, wéi virdrun. Et ass awer net sou vill Offer do. Dat selwecht mierkt een och bei der Gestion Locative Sociale.
Directrice vun der Spuerkeess
E Mëttwoch de Moie war d’François Thoma an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”, ee vun den Themen war di aktuell Zëns-Entwécklungen.
Directrice vu Crèche wéinst Kierperverletzung verurteelt
36 Méint Prisong, dovu 24 op Sursis. Sou d’Urteel vum Stater Geriicht an der Affär ronderëm d’Crèche zu Bous. 2017 gouf d’Crèche zougemaach. Directrice war aggressiv géigeniwwer 15 klenge Kanner an dräi deemolege Mataarbechter.
40 Masseschéissereien a knapp 4 Wochen
Ronn 120 Waffen op 100 Awunner, domat huet d’USA méi Waffe wéi Awunner an hirem Land. Dat huet och seng Konsequenzen. D’Joer ass nach keng 4 Wochen am Gaang an et gouf scho 40 Masseschéissereie mat méi wéi 70 Doudegen a sëllege Blesséierten.
Mat 50 Joer an de Fürerschäinsexamen
Mat 18 hat de Paulo Jorge De Oliveira keng Suen a keng Zäit, de Permis ze maachen. Elo mat bal 50 Joer wëll hie net méi op den ëffentlechen Transport ugewise sinn a mécht endlech säi Fürerschäin.
Eng nei Sprooch
“Don’t go me on the ghost”, “Bird Matthew” an “you can me”. Nëmmen e puer Beispiller vu villen, wéi schéi lëtzebuergesch Ausdréck op englesch kléngen.
Neie Rekter fir d’Uni
D’Caroline Mart huet mam studéierte Physiker a Materialwëssenschaftler, Jens Kreisel, ënnert anerem iwwert déi zukünfteg Projete vun der Uni Lëtzebuerg geschwat.