No déidlechem Tëschefall op Trainingsterrain22 Joer ale Mann kritt Doutschlag reprochéiert

RTL Lëtzebuerg
Bei der Persoun, déi no der Ausernanersetzung am Spidol verscheet ass, huet et sech ëm e 25 Joer ale Mann gehandelt.
© Domigos Oliveira

Wéi de Parquet e Méindeg an engem Schreiwes matdeelt, hätt de Mann eng Partie Spiller an Trainer vum Veräin kierperlech a verbal aggresséiert. Ausserdeem hätt hien 2 Messere bei sech gehat.

Dem aktuelle Stand vun den Ermëttlungen no hätten e puer Persounen, déi sech deen Ament um Terrain opgehalen hätten, de Mann verfollegt an dëse schliisslech immobiliséiert, sou dass hie keng Gefor méi duergestallt hätt. De Mann hätt zu dësem Zäitpunkt och seng Messeren ewechgehäit gehat.

Deen Ament hätt eng vun de Persounen, déi de Mann fixéiert hat, eent vun de Messere geholl an e puer Mol op de Mann agestach. Ausserdeem solle si mat engem Steen op de Mann ageschloen hunn.

Bei der Persoun, déi op den initialen Aggresseur agestach an ageschloen huet, handelt et sech dem Parquet no ëm e Mann vun 22 Joer. Dëse war e Samschdeg virun en Untersuchungsriichter komm a gouf no der Interrogatioun beschëllegt, Doutschlag begaangen ze hunn. Hie koum op Suessem an Untersuchungshaft.

Op der Jeunesse soll den Training vun de Jugendekippen iwwerdeems e Méindeg normal weidergoen, sou de President vun der Jugendkommissioun vum Veräin, de Claude Kréimer géigeniwwer RTL.

D’Traineren an d’Accompagnateuren, déi e Freideg wärend dem Virfall op der Plaz waren, wiere lo mol temporär ausgewiesselt ginn. Dat fir hinnen an de Kanner e bësse Loft ze ginn.

Um 17 Auer e Sonndeg den Owend war de Groupe de support psychologique vum CGDIS op d’Plaz komm, fir d’Kanner an d’Eltere psychologesch ze ënnerstëtzen. 10 Kanner hätte participéiert. Si, grad wéi de Veräin, kruten Informatiounen a Kontakter falls nach Besoin fir e weideren Encadrement bestéing.

Back to Top
CIM LOGO