"Firwat hues du de Führerschäin net? Krus de en ewechgeholl? Nee, ech hunn en nach ni gemaach."

Mobil si gëtt grad am Alter ëmmer méi wichteg, dat well d'Leit hautdesdaags bis an en héijen Alter vill méi aktiv si wéi fréier. Si engagéiere sech a Veräiner, treffe sech mat Frënn oder fueren an d'Vakanz. Wien do op den ëffentlechen Transport oder Frënn a Famill ugewisen ass, huet et dacks méi schwéier. Ma wat ass, wann et a jonke Joren duerch iergendee Grond net méiglech war, de Führerschäin ze maachen?

Am Prinzip gëtt et keng Altersgrenz fir de Führerschäin ze maachen. Esou laang et keng gesondheetlech Bedenke ginn, déi engem säi Fueren aschränke kéinten, soll deem ganzen näischt am Wee stoen. Am Reportage hu mir de Fuerschüler Paulo Jorge De Oliveira Fernandes an enger vu senge Fuerstonne begleet. Fir hie war et haaptsächlech aus zäitlechen a finanzielle Grënn net méiglech, de Führerschäi mat 18 ze maachen. Elo mat 49 Joer wëll hien net méi op den ëffentlechen Transport ugewise sinn an erhofft sech, duerch de Führerschäi säi Liewe kënnen ze vereinfachen.