
Schwéiert Äerdbiewen
Um Méindeg de Moie koum et an der Tierkei an a Syrien zu engem Äerdbiewen, wat eng Stäerkt vu 7,7 op der Richterskala hat. D’Naturkatastroph huet elo scho méi wéi 20.000 Affer (Stand 10.02.2023) d’Liewe kascht. D’Sich op der Plaz geet weider an d’Zuel vun den Affer geet permanent an d’Luucht. Weltwäit gëtt Hëllef an déi betraffe Regioune geschéckt.
Work-Life-Balance
D’Leit kréien d’Aarbechts- an d’Privatliewen ëmmer manner gutt kombinéiert, esou d’Chambre des salariés. Leit, déi deelweis am Homeoffice schaffen dierfen, si méi zefridden. Am stäerksten ass d’Onzefriddenheet an deene Beruffer, wou d’Aarbechtszäite keng Flexibilitéit zouloossen.
De ganzen Temoignage fannt Dir hei.
17 Stonnen EU-SommetVältesdag
Ech aiméieren dech? Ech crushen op dech? Oder awer ech liben dech? Mir sichen an der RTL-Vältesdagsaktioun een neit Wuert, fir de klasseschen “ech hunn dech gär” ze ergänzen. Stëmmt hei of!
Däitlech méi Awunner zu Lëtzebuerg
D’Populatioun vu Lëtzebuerg ass tëscht 2011 an 2021 ëm 25 Prozent geklommen, sou de Statec. Dat ass e Rekordwäert, wann ee sech de Rescht vun Europa ukuckt. Hei läit den Duerchschnëtt nämlech bei engem Wuesstem vun 1,7 Prozent.
Den Alldag am Spidol
Huet ee seng Studien als Dokter ofgeschloss huet, huet een de Choix: entweder et mécht ee seng eege Praxis op oder et schafft een an engem Spidol. D’Fabienne Zwally huet en Dokter bei sengem Alldag begleet.
Eng nei Tripartite
Dëst Joer soll eng weider Indextranche fälleg ginn, dat wier déi 3. bannent engem Joer. De Staatsminister Xavier Bettel huet elo eng nei Tripartite ugekënnegt. Am leschten Tripartitesaccord hat d’Regierung sech géintiwwer de Sozialpartner jo dozou engagéiert, datt de Staat de Betriber eng drëtt Indextranche kompenséiere géif.
Lescht Rou fir Hausdéieren
Zu Lëtzebuerg ginn et Nouvellen a punkto Déierekierfecht. E richtege Kierfecht, wéi zum Beispill an Däitschland, wäert bis ewell net op Lëtzebuerg kommen. Zu Wolz ass elo awer Streelichtung an Diskussioun, direkt nieft dem Bëschkierfecht fir Mënschen. Dës brauch elo just nach den Ok vun der Gemeng.
Vernissage vun Generation Art - Finalisten
E puer Méint ass et hier, dass de Steven Da Cruz bei Generation Art gewonnen huet. Elo kann ee sech d’Ausstellung Melting Memories vun den dräi Finalisten zu Diddeleng ukucke goen.
Ketogen Ernärung - Wat ass dat?
Iwwerdeems déi eng se fir d’Léisung vun all de Problemer vun der Ernärung vun haut gesinn, bleiwen déi aner skeptesch.
Gebrodene Poulet frësch aus der Bank
An enger Bank an Däitschland huet eng Persoun e Virement ugefaangen an iwwert dem Feier säi Poulet gebroden. Do hat een net schlecht gestaunt. Ma Grond fir dës skurril Aktioun war den Drogekonsum vum Mann.