Huet ee seng Studien als Dokter ofgeschloss huet, huet een de Choix: entweder et mécht ee seng eege Praxis op oder et schafft een an engem Spidol.
E wierklechen Ënnerscheed an der Aarbecht tëscht engem Dokter, dee liberal ass, an een, dee vum Spidol ugestallt ass, gëtt et net. Eppes hu si allebéid gemeinsam, si probéieren hir Zäit esou gutt et geet ze verdeelen, fir dem Patient déi beschtméiglech Versuergung an Therapie kënnen ze offréieren.
D'Aarbecht an de Spideeler uechtert d'Land ass essentiel fir eise Gesondheetssystem a bréngt och vill Virdeeler mat sech. Net nëmme fir d'Personal, ma och fir de Patient. Eppes, wat an all Spidol grouss geschriwwe gëtt, ass Zesummenaarbecht. Ouni déi géif de komplexe System net funktionéieren. Wann een d'Dokteren e puer Deeg laang op Schrëtt an Trëtt begleet, da versteet ee wisou. Hiren Alldag och sou gutt et geet getimed, sou den Dr Bernard Faber aus der Zithaklinik:
"Normalerweis probéiert een net dee selwechten Dag Consultatioun a Chirurgie ze hunn. Dat probéiere mir ze trennen, well dat soss schwéier mateneen iwwertenaner leeft. An dann huet een awer säi feste Programm: méindes Operatioun, dënschdes Consultatioun, mëttwochs Operatioun a mëttes Versammlung. Do muss ee schonn e relativ strenge Kalenner hunn an alles ass agedeelt an een Drëttel. Een Drëttel Praxis, een Drëttel Chirurgie an een Drëttel Visitt a Reuniounen."Dacks kommen Imprevuen dertëschent an et muss ee säin Dag nees ëmplangen, dat wier an deem Beruff scho bal eng Viraussetzung. Eppes, wat souwuel dem Dr Faber, wéi och dem Dr Wirtz, Chef vun der Pneumologie am CHL, um Häerz géing leien, wier de Patient a seng Gesondheet. Si géinge sech ëmmer déi gréisste Méi ginn, fir hir Patiente selwer, esou gutt et geet, ze betreien. Ma e Virdeel vum Spidol wier awer och, dass ee bei méi komplizéierte Fäll och aner Experten mat un den Dësch kann huelen, fir dem Patient eng optimal Therapie virzeschloen. De Patient hätt ronderëm d'Auer Betreiung, och wann ee selwer mol eng Kéier net do ass. Dobäi wier et hinnen awer wichteg, dass een als Patient weess, wéi een Dokter säi Referenzdokter ass, sou den Dr Wirtz:
"Et ass elo net, well een an enger Klinik ass, dass een andauernd en aneren Dokter gesäit. Dat heescht, et ass schonn den Patient, deen ech an der Spriechstonn gesinn, dat ass mäi Patient. A wann deen hospitaliséiert ass, da ginn ech och scho reegelméisseg no deem kucken. Et kann och mol sinn, dass ech een Dag net kommen oder, dass wärend enger Garde - natierlech sinn da Confrèren, déi sech ëm hie këmmeren - mee dat ass ëmmer esou. Dat ass awer wouer, dass dat eppes ass, dat pertubant fir de Patient ass an dat ass och eppes, dat reegelméisseg diskutéiert gëtt, wéi een dat kann am beschten ugoen, fir dass de Patient sech effektiv sou gutt wéi méiglech entouréiert spiert."
Ouni d'Dokteren an och dat ganzt Personal vun de Spideeler géing eise Gesondheetssystem net funktionéieren. Dobäi sinn déi aktuell Problematike bekannt. Et feelt u Personal. Am europäesche Verglach gesäit et fir Lëtzebuerg net ganz roseg aus. Op 1.000 Awunner kommen 2,98 Dokteren. Kucke mir eriwwer bei eis Nopere si mir do bei enger Moyenne iwwer 3 an an Däitschland souguer iwwer 4. D'Grënn dofir goufe genuch an de leschte Wochen diskutéiert. D'Attraktivitéit vum Dokter am Spidol muss nees gefërdert ginn. Déi Dokteren, déi mir begleet hunn, déi appreciéieren, dass si en Deel vun engem Team sinn an direkten Accès an Austausch mat aneren Dokteren hunn, fir d'Therapie vun hirem Patient. Besonnesch bei Kriibsdiagnosen ass esou eng enk Zesummenaarbecht vun essentieler Wichtegkeet. An och wa si vill Stress hunn an et dacks net ganz einfach, e richtegen Equiliber tëscht hirem Beruff- a Privatliewen ze maachen, sou wéilte si hir Plaz mat kengem tauschen. Well mellt ee sech fir de Studium vun der Medezin un, da géif ee wëssen, ob wat ee sech aléist.
Eppes, dat den Dr Faber awer bedauert a wat sech an de leschte Jore geännert huet, ass, dass een ëmmer méi dacks vu bausse Prozeduren operluecht kritt:
"Et gi schonn eng ganz Rëtsch Saachen, déi ee verbessere kéint, obwuel een am Alldag natierlech e ganz flotte Beruff mécht. Deen éischte Punkt, dat ass elo net spezifesch mat der Medecine hospitalière, mee dat ass fir de ganze Corps soignant. Dat ass déi ganz Tâche, déi ëmmer méi grouss gëtt an ëmmer méi schwéier. Souwuel d'Dokteren am Spidol, wéi och d'Dokteren ausserhalb, wéi och de Personal soignant, ginn ëmmer méi oft a méi gefrot, Tabellen auszefëllen – Krittären, Codage asw. Dat ass natierlech ëmmer: All déi Zäit, déi mir domadder verbréngen, si mir net beim Patient."
Fakt ass awer: Et feelt u Personal. Den Ament schaffen e bësse méi wéi 1.000 Dokteren an de Spideeler hei am Land. Dovunner gëtt geschat een Drëttel als Salarié an de Rescht als Liberalen.