Vu Mäerz bis November kascht d'Parken zu Clierf. Ma well d'Gemeng keng Pecherten huet, gëtt dat net systematesch kontrolléiert.

Aktuell musse Chaufferen, déi hiert Gefier zu Clierf stationéieren, kee Parkticket huelen. Vum 1. November bis den 28., respektiv a Schaltjoren 29. Februar, ass d'Parken zu Clierf nämlech gratis. Ma vum 1. Mäerz bis den 31. Oktober muss een op der Place de la Libération vu méindes bis freides 50 Cent pro Stonn bezuelen, mat enger Begrenzung vun zéng Stonnen, respektiv fënnef Euro.

Mee muss een dann och wierklech bezuelen?

Theoretesch jo, mee Angscht, datt een e Protokoll gepecht kritt, wann een et net mécht, muss een net hunn. Clierf huet keng Pecherten. Zu Clierf gëtt et zwar ee Policekommissariat, mee op Nofro hin heescht et, datt d'Beamten zwar heiansdo awer net systematesch kontrolléieren, ob d'Leit ee Parkticket geholl hunn. D'Polizisten hätten nämlech och nach aner Aufgaben ze erfëllen.

RTL

© Marc Hoscheid

Dat huet zur Konsequenz, datt déi Leit, déi sech zu Clierf auskennen, an der Reegel, kee Parkticket huelen. Dat maache virun allem an de Summerméint d'Touristen, an éischter Linn Hollänner, déi op eng Visitt an d'Cité de l'image kommen. Gi se dann dorop higewisen, datt normalerweis net kontrolléiert gëtt, ass d'Reaktioun dacks eng Mëschung aus Verwonnerung an Irritatioun. Vun der Gemeng heescht et op Nofro hin, datt een duerch d'Parkautomaten net räich gëtt. Déi Suen, déi erakommen, géingen ongeféier deem Montant entspriechen, deen den Entretien vun de Maschinne kascht.

An Zukunft wäert sech d'Parkplazsituatioun zu Clierf wuel änneren.

Op der Place Benelux entsteet grad ee Parkhaus. Stand elo gesäit et sou aus, datt et ee Parking payant wäert ginn, ausser no de Gemengewalen den 11. Juni kéim eng Majoritéit un d'Rudder, déi dat anescht gesäit. Wann d'Parkhaus bis op ass, dierft och de Parking op der Maartplaz eppes kaschten, am Moment sinn hei d'Barrièren nach net a Betrib, well duerch d'Aarbechten op der Place Benelux, wou virdrun een "normale" Parking war, aktuell manner Parkraum wéi virdrun zur Verfügung steet.

RTL

© Marc Hoscheid

Datt Clierf an noer Zukunft Pecherte kréie wäert, ass net ze erwaarden. Zu Lëtzebuerg ginn et tëscht 227 Agents-municipauxen, wéi d'Beamten offiziell heeschen. Dës verdeele sech op 45 vun den am ganzen 102 Gemengen. Verschidde Gemengen deele sech d'Beamten, sou beispillsweis Miersch, Lëntgen, Fëschbech an d'Fiels.

D'Gesetz iwwert kommunal Verwaltungssanktiounen an d'Auswäitung vun der Zoustännegkeet vun de Gemengebeamte vum 27. Juli d'lescht Joer huet d'Roll vun den Agents-municipauxe méi konkret an, wéi den Titel scho seet, den Aufgabeberäich méi breet definéiert. Bei 17 verschiddene Verstéiss kënne si Geldstrofen an Héicht vu 25 bis 250 Euro ausschwätzen. Dat beispillsweis wann een en Hond op eng ëffentlech Plaz matbréngt, wou dat net erlaabt ass, oder wann ee säin Dreckseemer virun der festgeluechter Zäit erausstellt. Generell sollen d'Agents-municipauxen d'Police entlaaschten an dat lokaalt Zesummeliewe fërderen. Si agéieren dobäi ënnert der Opsiicht vum Buergermeeschter a schaffe mat der Police an dem CGDIS zesummen.