D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Italien ënner Waasser
No den dramateschen Iwwerschwemmungen an der italieenescher Regioun Emilia-Romagna ginn et op d’mannst 14 Doudeger. Dausende vu Mënschen hunn och missen evakuéiert ginn. Et gëtt e Schued a Milliardenhéicht. Wéinst dem ville Reen gouf och d’Formel1 zu Imola ofgesot.

Cargolux

Eng Maschinn vu Cargolux hat scho kuerz nom Start Problemer an huet um Findel missen noutlanden. Dobäi huet d’Boeing 747 e Stéck vum Fuerwierk verluer an d’Landepist beschiedegt. Méi wéi 30 Flich hu missen annuléiert oder ëmgeleet ginn. E Samschdeg gouf et dann en zweeten Tëschefall mat enger weiderer Maschinn, hei war de Problem awer méi séier geléist.

10.000 Pilgeren

Ganz traditionell si rëm vill Leit op Christi Himmelfaart op Wolz bei d’Fatima gepilgert. Dëst Joer waren et ronn Zéngdausenden. Duerno hunn d’Familljen an de Stroosse ronderëm Wolz gefeiert.

Schoul manner fréi ofbriechen
Schoulflicht bis 18 Joer kéint zu Lëtzebuerg Realitéit ginn. De Gesetzesprojet gouf elo iwwerschafft a wäert dem Regierungsrot virgeluecht ginn. 500 bis 650 Jonker ënner 18 briechen all Joers d’Schoul of. Dat well ee mam neie Gesetz verhënneren.

Heescheverbuet gekippt
D’Stad Lëtzebuerg huet jo en Heeschverbuet fir de Quartier Uewerstad a Gare decidéiert. D’Reglement gouf awer elo vum Inneministère gekippt ginn. D’Reglement géif ënnert anerem géint d’Mënscherechter verstoussen. D’Stad Lëtzebuerg wëll dat awer elo rechtlech préiwe loossen.

Schéisserei op franséischer Grenz

E Samschdeg den Owend koum et zu Villerupt an duerno zu Audun-le-Tiche zu enger Schéisserei. Dobäi gouf e jonke Lëtzebuerger um Kapp verwonnt a misst noutoperéiert ginn.

Sarkozy Prisong
De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy gouf an zweeter Instanz zu 3 Joer Prisong verurteelt. Zwee dovunner op Sursis. Dat eent Joer feste Prisong dierf hien Doheem mat Foussfesselen ofsetzen. Hie gouf verurteelt, well en e Generalaffekot soll bestach hunn. De Sarkozy kann nach an Appell goen.

Rettungsaktioun mat Iwwerraschung

Knapp zwou Wochen nodeems iwwer Kolumbien e Fliger verongléckt ass, konnte Sichtruppen 4 Kanner lieweg erëmfannen. Dorënner och e Puppelche vu just 11 Méint. D’Truppe waren de Kanner op d’Spuer komm, well si am dichte Bësch ugebasse Friichte fonnt hunn.

Lëtzebuerger Museker iwwert LGBTIQ+

Um internationalen Dag géint Homo-, Bi-, Inter- an Transphobie erzielt den Adriano Lopes Da Silva, besser bekannt als CHAiLD, wéi hien als homosexuelle Mann zu Lëtzebuerg ugeholl gëtt.

10 international DJen um LOA

Nom Succès zu Esch kann ee sech schonn op de Closing um Kierchbierg freeën. Den 8. an 9. September wäerten ënnert anerem Castino, Coone an Danny Avila op der Place de l’Europe Stëmmung maachen.

Light Leaks Festival

An de Rotonden dréint sech de Weekend alles ëm “Street Photography”, e Genre vu Fotografie, deen immens beléift ass a vu senger Spontaneitéit lieft.

Lëtzebuergerin huet Succès an der Belsch

D’Laura Miller gewënnt Coupe de Belgique. Et ass et deen éischten Titel bei de Profien. Eng Première am Lëtzebuerger Dammefuttball.

Back to Top
CIM LOGO