
Viru kuerzem hu mir Aarbechtskolleegen erzielt, dass sech e Meedchen am Internet als Luna-sexuell bezeechent. Déi sexuell Orientéierung vun der Fra ännert also mat der Positioun vum Mount. Do hu mir eis d’Fro gestallt, a wéi wäit et fir d’Gesellschaft awer och fir déi eenzel Persoune selwer wichteg ass, eng sexuell Orientéierung ze benennen.
Nach nom Zweete Weltkrich gouf de Begrëff “drëtt Geschlecht” fir all déi Leit benotzt, déi net an déi heteronormative Reegele gepasst hunn. Duerno huet een ugefaangen, d’Begrëffer Homo- an Transsexualitéit ze benotzen. An de 70er Jore sinn dann ëmmer méi d’Begrëffer lesbesch, schwul an duerno och bi an de Beweegungen opkomm. De Grond heivir ass, dass een homosexuell dacks just mat der Sexualitéit verbonnen huet an dëst an där Zäit zimmlech negativ belaascht war.
Mat schwul, lesbesch, bi an trans wollt ee sech kloer vum Wuert sexuell ofgrenzen an kloer maachen, dass et net nëmmen ëm Sex geet, mä och d’Emotiounen an d’Léift. An den 1980er Jore sinn d’Gruppéierungen dann ëmmer méi zesummekomm, wat sech mat de Jore mam T fir transgender och ëm d’Geschlechtsidentitéit weiderentwéckelt huet zu LGBTIQ+.
“D’Leit, déi net heteronormativ sinn a waren, hu sech déi Begrëffer am Allgemengen awer net ausgesicht. Dat kënnt vu baussen”, sou den Didier Schneider, Direkter vum Centre LGBTIQ+ Cigale. “Mir hunn elo sou vill Bezeechnungen a Kategorien, well de medezinesche Beräich vun der Psychiatrie déi ënnerschiddlech Orientéierunge mat der Zäit definéiert huet.”
Vill nei Begrëffer sinn allerdéngs vun der Communautéit selwer gepräägt ginn. Well den Tabu, iwwert geschlechtlech a sexuell Vilfalt ze schwätzen, net méi sou present ass, kristalliséiere sech ëmmer méi verschidden Identitéiten eraus, déi awer oft Ënnerkategorië vun de bekannte Begrëffer sinn.
LGBTIQ+ ass den Iwwerbegrëff fir all Geschlechter, Geschlechtsidentitéiten a sexuell Orientéierungen, déivun den zweegeschlechtlechen an heterosexuellen Normen ofwäichen.
L - Lesbesch
Bezeechent Fraen, déi sech sexuell an/oder emotional vu Fraen ugezu fillen
G - Gay, Schwul
Bezeechent Männer, déi sech sexuell an/oder emotional vu Männer ugezu fillen
B - Bisexuell
Bezeechent Leit, déi sech vun zwee oder méi Geschlechter ugezu fillen.
T - Transgeschlechtlech
Transgeschlechtlech Mënschen identifizéiere sech net oder net nëmme mat dem Geschlecht, wat hinne bei der Gebuert opgrond vun hirem Kierper zougewise gouf.
Eng Geschlechtsidentitéit ka männlech, weiblech oder netbinär sinn. Wa se mam Kierpergeschlecht iwwerteneestëmmt, also zum Beispill eng Persoun mat engem weibleche Kierper sech als Fra fillt, ass déi Persoun cisgeschlechtlech. Wann dat net de Fall ass, also zum Beispill eng Persoun, déi mat engem weibleche Kierper gebuer ginn ass, sech awer als Mann identifizéiert, ass d’Persoun transgeschlechtlech. Netbinär ass eng Ënnerkategorie vun transgender a bedeit, dass d’Persoun sech weder (nëmmen) als Mann, nach (nëmmen) als Fra identifizéiert.
Transgeschlechtlech Persounen hunn dacks de Wonsch, hiren Numm an/oder hiren Kierper ze veränneren, fir sech méi wuel an hirer Haut ze spieren. Et gëtt awer keng richteg oder falsch Aart a Weis, trans ze sinn.
I - Intergeschlechtlech
Intergeschlechtlech Mënschen hunn e Kierper, deen net eendeiteg de medezineschen Normen vu männlech a weiblech zougeuerdent ka ginn. Dat kann zum Beispill d’Geschlechtsorgan, de Chromosomsaz oder d’Hormonproduktioun betreffen. Intergeschlechtlech Mënschen hunn an der Reegel awer e gesonde Kierper, un dem näischt muss verännert ginn. Genee wéi d’Geschlechtsidentitéit ass och d’Kierpergeschlecht e Spektrum.
Q- Queer
Dëst ass e Sammelbegrëff fir sexuell Orientéierungen an Identitéiten, déi net heterosexuell oder cisgeschlechtlech sinn. Queer gouf am engleschsproochege Raum als Beleidegung fir “LGBTIQ+"-Leit benotzt. Queer heescht nämlech sou vill wéi “anescht” oder “komesch“. Et kann een et e bësse vergläiche wéi d’Bezeechnung “de waarme Brudder” fir en homosexuelle Mann. An den USA gouf de Begrëff zënter de Stonewall Riots awer positiv gestäerkt a gëtt elo virun allem vu Mënschen als Eegebezeechnung benotzt, déi sech a kenger vun de bestoende Kategorië rëmfannen, bzw. sech net festleeë wëllen.
+, fir keen auszeschléissen
De + steet dofir, dass d’Opzielung net fäerdeg ass an et nach ganz vill aner sexuell an emotional Orientéierunge wéi och Geschlechtsidentitéite ginn, déi och Deel vun der Communautéit sinn, wéi zum Beispill Asexualitéit, Pansexualitéit oder netbinär Mënschen.
Zeeche vun der “LGBTIQ+"-Communautéit ass de Reebou-Fändel, deen déi divers Forme vu Liewen a Léift duerstelle soll. Och dësen entwéckelt sech ëmmer weider an heescht haut “Progress Pride Flag”. Den urspréngleche Fändel stoung fir d’sexuell Orientéierung an ass mat der Zäit ëmmer méi inklusiv ginn. En ass erweidert ginn duerch d’Faarwe schwaarz a brong fir faarweg Mënschen an d’Leit, déi un Aids gestuerwe sinn, blo-rosa-wäiss fir Transgeschlechtlechkeet a giel mat engem mofe Krees fir intergeschlechtlech Leit.

Nee, muss een net, wéi den Didier Schneider erkläert: “Dëse Sammelbegrëff gëtt et grad fir, dass all Mënsch sech do erëmfanne kann.” Sou ass et egal, ob een elo schwul, lesbesch oder souguer Luna-sexuell ass. Schonn eleng wann ee keen heterosexuellen CIS-Mënsch ass, gehéiert een zu LGBTIQ+. An dat och wann ee seng Sexualitéit oder Geschlechtsidentitéit net definéiere wëll.
Eng laang Zäit goufen déi Leit ausgegrenzt an hunn ënnert dëser Isolatioun an dem “anescht sinn” gelidden. “Och ech hunn dat erlieft, dass et all déi Bezeechnungen nach net wierklech gouf. Et fillt ee sech eleng, isoléiert an einfach net gutt. Mat Hëllef vun LGBTIQ+ ass een Deel vun enger Communautéit, jo souguer vun enger Kultur. Der Orientéierung respektiv der Geschlechtsidentitéit e Numm ze ginn, erméiglecht et, sech mat eppes identifizéieren ze kënnen.”
Dat gesäit och den Adriano Lopes Da Silva esou. Den homosexuelle Museker erzielt eis am Interview, wéi schwéier et fir hie war, sech ze outen.
Dat betount och den Didier Schneider. Nëmme well een eng Ulafstell ass fir d’"LGBTIQ+"-Communautéit ass, bedeit dat net, dass heterosexuell Mënschen net wëllkomm sinn. De Cigale ass oppe fir all Persoun, déi sech fir déi sexuell a geschlechtlech Villfalt interesséiert. Weltwäit hätt d’Communautéit och sougenannten Alliéierter. Esou ginn heterosexuell CIS-Leit bezeechent, déi sech mat der Communautéit beschäftegen a se ënnerstëtzen.
Et ass d’Realitéit, dass ëmmer méi un der Inclusioun geschafft gëtt an dat och um nationale Plang, sou den Didier Schneider. “Zum Beispill mam gläichgeschlechtleche Bestietnis an d’Adoptioun fir homosexuell Koppelen.” Op der anerer Säit géifen et aktuell awer och vill Tendenzen a Richtung méi Diskriminéierung a méi Gewalt ginn, déi och nach méi brutal gi wier duerch d’Sozial Netzwierker.
De 17. Mee 2023 ass iwwregens den internationalen Dag géint Homo-, Bi-, Inter- an Transphobie.
De Centre LGBTIQ+ Cigale ass e Service, dee vum Familljeministère konventionéiert ass. Hei kënnen d’Leit aus der Communautéit zesummekommen a sech austauschen, dat zum Beispill an der Reebou-Stuff, um Poterdësch oder op aneren Evenementer a Workshoppen, déi vum Cigale organiséiert ginn. Si bidden awer och Eenzel- a Familljegespréicher un. Am Centre LGBTIQ+ Cigale fënnt een och d’"Bibliothéik Marc Grond”, déi op “LGBTIQ+"-Theme spezialiséiert ass.