Den Adriano iwwert seng Homosexualitéit"Ech wosst schonn ëmmer, wat ech sinn, hu mech awer réischt mat 20 geout"

RTL Lëtzebuerg
Den Adriano Lopes Da Silva, an der Musekszeen besser als CHAiLD bekannt, huet sech réischt viru véier Joer als Homosexuell geout.
© Adelisa Pjanic

An engem Interview mam Cigale wollte mir wëssen, wéi wichteg de Sammelbegrëff LGBTIQ+ an déi ganz Ënnerkategorie sinn an ob een all Orientéierung benenne muss.

De 24 Joer alen Adriano ass en Deel vun der Communautéit an erzielt, wéi hien dat Ganzt gesäit a wéi einfach oder schwiereg et fir hie war, sech an enger “Kategorie” erëmzefannen.

Dat, wat dem Adriano vu virop wichteg ze soen ass, ass dass hien hei just seng Meenung vertrëtt an net fir déi ganz “LGBTIQ+"-Communautéit schwätze kann. “Ech kréien ëmmer rëm gesot, dass ech zu Lëtzebuerg ee vun deene sinn, deen d’Communautéit representéiert. Ech fille mech awer guer net esou. Ech sinn nämlech Deel vun enger Communautéit, déi kee Vertrieder huet.”

Wat häls du vun all de Kategorien an den ënnerschiddlechste Bezeechnungen?

“Et kënnt vum Wëllen, sech erëmzefannen an enger Welt, an där ee sech bis elo ni rëmfonnt huet. Jiddereen an all Kategorie wëll sech representéiert fillen. Dofir kënnt beim Sammelbegrëff heiansdo e Buschtaf bäi. Ech verstinn awer och, wa Leit soen, ‘andeems mir ëmmer weider ënnerscheeden, maache mir de Géigendeel vun Zesummenhalen’. Meng Meenung dozou ass, ‘Liewen a liewe loossen’. Fir mech perséinlech ass et egal, ob een LGBTQ oder LGBTQAI+ oder wat och ëmmer. Ech weess, ëm wat et geet. Fir mech geet dat duer. Dofir ass et mir eigentlech egal, ob heiansdo e Buschtaf vergiess gëtt oder der dobäi gemaach ginn. Haaptsaach mir schwätzen iwwert eng Communautéit vu Leit, déi net an déi heteronormativ-Klass passen. Wat mir awer net geet, ass wa Leit ugegraff ginn, well se e Buschtaf vergiessen oder ee bäisetzen. Mir sinn eng Communautéit. Mir kämpfen am Alldag scho mat genuch Problemer. Mir hu keng Zäit, fir och nach ënnert eis ze streiden.

Wéi einfach oder schwéier war et fir dech, denger sexueller Orientéierung en Numm ze ginn?

“Ech hunn et mir immens schwéier gemaach. Elo mat 24 soen ech mir, dass et hätt kënne vill méi einfach sinn. Vu 7 oder 8 Joer un, war et fir mech ganz schwéier ze mierken, dass ech anescht sinn. Och am Lycée hunn ech alles dofir gemaach, et ze verstoppen. Mä ech wosst ganz fréi schonn, wat ech wier. Just bis ech mir et agestanen hunn, huet et bal 20 Joer gedauert. Ech hu mech dann och réischt mat 20 Joer geout. Villäicht hat et mat mengem Ëmfeld ze dinn oder mam Klima am Lycée, dee bësse Queer-feindlech war. Och de Fait, dass ech keen enttäusche wollt, huet eng Roll gespillt.

Wéi erliefs du dat Ganzt dann aktuell zu Lëtzebuerg?

“Et gëtt besser. Ech hunn d’Gefill, dass d’Jugendlecher ëmmer méi oppen domat ëmginn. Et mécht mech frou, dat ze gesinn.

Ech muss awer och soen, dass dat ‘normal liewen’ anescht gëtt, mengen ech. Ech zum Beispill sinn einfach frou, dass keng Legislatioun géint mech ass. Mä ech trëppelen duerch d’Stad a kréien awer nach Remarken hannendru geruff. Ech war eng Kéier mat mengem Partner an engem Parkhaus, mir hunn eis Äddi gesot an eng Persoun huet mam Fanger op eis gewisen. Wann ech engem säi Bëbee halen oder engem Kand Moie soen, gesinn ech d’Reaktioun vun der Mamm, déi méi defensiv ass. An dat ass leider ëmmer nach mäin normaalt Liewen. Et muss ee soen, dass Lëtzebuerg fir eis Communautéit eent vun de privilegéiertste Länner ass. Hei wäert ech mech net beschwéieren.

Ech si frou, e schwule Mann zu Lëtzebuerg ze sinn, soe mer mol esou. Ech si souguer a menger Kategorie privilegéiert. Ech si wäiss, ech kommen aus der Mëttelschicht. Wier ech net schwul, hätt ech d’Lotterie vum Liewe gewonnen. Wier ech faarweg, hätt ech mental Problemer oder en Handicap zum Beispill, wier et ganz anescht fir mech. Well dann ass ee schwul plus nach eppes, wat an der Gesellschaft net als Norm ugesi gëtt. Mä ech si schwul a wäiss, an dat spillt eng grouss Roll a mengem Alldag, well et méi einfach ass. A souguer sou erliewen ech Momenter, déi net cool sinn.”

“Net ophale mat Kämpfen”


Och wann een zu Lëtzebuerg als Deel vun der “LGBTIQ+"-Communautéit gutt liewe kann, dierft ee sech net drop ausrouen, fënnt den Adriano.

“Duerch eise Premierminister huet d’Communautéit eng krass Representatioun. Mir hu Reegelen a Gesetzer, déi eis schützen. Dat ass alles schéin a gutt an och immens wichteg. Mä mir mussen awer weider oppassen, dass mir all déi Protektiounen net verléieren an eis soen ‘oh, dat geet schonn’. Well, wéi mir an Europa den Ament gesinn, geet et heiansdo net méi einfach esou. Vun engem Dag op den anere geschitt e Wandel an dee bréngt eng aner Mentalitéit mat sech, déi sech verbreet an déi sech duerno an de Gesetzer manifestéiert. Genee dofir ass et och wichteg, sech politesch ze engagéieren, zemools als Jonken.”

Déi aktuell Gesetzer a Rechter wieren déi lescht Joerzéngten haart erkämpft ginn an dat dierft een net einfach vergiessen. Et misst een aktiv bleiwen. Dofir versteet den Adriano och net, wa Jonker net wiele ginn an hir Stëmm verschenken.

Am Kader vum Waljoer an dem Projet “Eis Stëmmen” huet den Adriano aka CHAiLD zwee Lidder zu aktuelle Waltheme geschriwwen. An engem dovunner geet et och ëm Diskriminatioun.

RTL-News: GBTIQ+: Wéi wichteg ass den Numm vun der sexueller Orientéierung?

Back to Top
CIM LOGO