Stater Oppositioun weist sech zefridden, Schäfferot chargéiert Affekot
De Stater Schäfferot wëll d'Decisioun vun der Inneministesch Taina Bofferding géint en Heescheverbuert net hinhuelen.
Mat engem Asproch virum Verwaltungsgeriicht wëll ee reagéieren. Dofir hätt een en Affekot chargéiert, fir a Recours géint d’Decisioun vun der Inneministesch ze goen, sot d’Buergermeeschtesch vun der Haaptstad d’Lydie Polfer um Dënschdeg de Mëtten op engem Point Press.
"Mir hunn och ganz gutt Juristen a mir hunn dat ganz gutt gekuckt", huet d'Lydie Polfer d'Motivatioun hannert dem Recours erkläert. Dono huet si duergeluecht, wisou d'Heescheverbuert, wéi vum Schäfferot gefuerdert, net géing géint dat nationaalt Gesetz verstoussen. "D'Madamm Minister geet an hirem Avis op déi Schinn, a seet, dass Mendicité simple vum Legislateur ofgeschaaft ginn ass. Dat entsprécht net der Wourecht", sou d’Lyidie Polfer. Zanter 2018 wier den entspriechenden Artikel nees am Code Penal (Art. 563 alinéa 6).
De Punkt, dass géing géint internationaalt Gesetz verstouss ginn, wier dann och net esou kloer. Festgehalen an engem Arrêt vun europäesche Mënscherechtshaff wier, dass kéint géint eng sougenannten Mendicité invasive virgaange ginn. An et wier schliisslech dat, wat een an der Stad wéilt maachen.
D'Argument, dass esou ee Verbuet och méi misst mat Fakten ënnerluecht ginn, versteet d'Lydie Polfer net. Wann dat dat Eenzegt wier, wat dem Inneministère gefeelt hätt, fir esou e Reglement unzehuelen, dann hätt ee kënne mat ville Beispiller déngen. Et wier eng Tatsaach, dass et ëmmer méi Heescherten an der Stad géing ginn, an dass et och reegelméisseg géing zu aggressivem Verhale vun dëse kommen. Besonnesch eeler Leit géingen och emol verfollegt ginn, fir Suen ze kréien.

Et wier frustréierend ze gesinn, dass näischt géing geschéien. "D'Reegelen, déi dosinn, géingen duergoen, wa se géingen agehale ginn", mengt d'Buergermeeschtesch. Mä d’Police zesumme mat der Justiz missten dofir intervenéieren. E Rechtsstaat wier jo schliisslech do, fir dofir ze suergen, dass seng Texter applizéiert ginn. Nach eng Kéier gouf betount, dass et net den Heeschert mam Becher virun sech wier, deen een géing viséieren.
De Serge Wilmes huet dann nach drop higewisen, dass et och an anere Stied, wéi a Frankräich, der Belsch, der Schwäiz oder Éisträich géing en entspriechend Heeschverbuert ginn. Dofir wier een iwwerrascht, iwwer déi Angscht, dass en Heescheverbuert géing géint déi europäesch Konventioun vun de Mënscherechter verstoussen, sou d’Buergermeeschtesch.
D’Gemengen Diddeleng, Dikrech an Ettelbréck hätte jo och en Heescheverbuert an hiert Reglement erageholl. Natierlech hätt d'Inneministesch eréischt vun dësem Joer un hir Zoustëmmung fir eng Ännerung vum Gemengereglement misste ginn, mä wann eppes géint e Gesetz verstéisst, hätt et missten scho laang annuléiert sinn.
Den éischte Schäffe Serge Wilmes huet sech um Schluss nach doriwwer opgereegt, dass d’Inneministesch sech géing Clichéen a pauschalen Aussoe bedéngen, wéi där, dass een net soll déi Aarm, mä d’Aarmut bekämpfen. "Sozialrechter si méi staark, wéi sech eenzeg an eleng op d’Solidaritéit vu Matbierger ze stierzen", sou den CSV-Schäffen. Hien lueft d'Sozialservicer vun der Stad, wou een op all Clochard 5 Sozialaarbechter hätt. E Ratio wéi wuel néirens soss.
LSAP, Déi Lénk an Déi Gréng weise sech zefridde mat Decisioun vum Inneministère
Déi Lénk weise sech ganz positiv agestallt zu där Decisioun vun der Inneministesch. Et wier kloer gewiescht, dass esou e Reglement net konnt duerchgoen. "Déi Leit, déi wëssen dat och, déi dat hei erabruecht hunn. An deem Sënn ass dat hei fir eis puere Populismus." D’Gemeng Lëtzebuerg kéint net hir eege Gesetzer maachen, esou nach de Guy Foetz, Member aus dem Stater Gemengerot. "D’Madamm Polfer ass net e Kleng-Herzog".
D'Claudie Reyland vun Déi Gréng sot, si géing sech freeën, wier iwwer d’Decisioun vun der Inneministesch awer net iwwerrascht. Nieft de juristeschen Hürden hätt sech och d’Fro vun der Ëmsetzbarkeet gestallt. Amplaz enger walkampfgedriwwener Symbolpolitik, wënschen sech déi Stater Gréng, dass déi sozial Servicer dezentraliséiert ausgebaut gi fir de concernéierte Leit ze hëllefen amplaz e generellt Heescheverbuet anzeféieren.
Doriwwer eraus wéilt ee méi Policepresenz um Terrain, wat awer scho géing ëmgesat ginn. Et kéint een awer och net all d’Problemer duerch Repressioun léisen. Et missten zum Beispill méi Street-Worker agesat ginn an och méi Projete vun Housing First op d’Been gestallt ginn.
Esou wéi Déi Gréng waren och Déi Lénk am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg vu vir era géint d’Reglement fir en allgemengt Heescheverbuet.
Fir d'Stater LSAP ass et da kloer, datt d'Decisioun vum Inneministère weist, datt d'Heescheverbuet de populistesche Charakter vun der DP-CSV-Majoritéit an der Stater Märei ënnersträicht. De Sozialisten no géifen d'Demokraten all Kéier virun de Gemengewalen nees d'Thema vun der Sécherheet an der Stad opgräifen, dat zanter 1999. Dës Decisioun vum Ministère wäert dann dozou féieren, fäert d'LSAP, datt d'DP an d'CSV wärend de Gemengewalen elo d'Argument bréngen, datt si alles probéiert hunn, fir d'Sécherheet ze verbesseren, mä den Inneministère hinnen do e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet.
Och d'Stater Pirate si frou, datt den Inneministère dës "populistesch Decisioun" vun der Féierung vun der Stater Gemeng gekippt huet.