Nom Succès uganks Mee zu Esch steet den zweeten Deel vum Festival um Kierchbierg scho quasi an de Startlächer.

Den 8. an 9. September ass de Saisonschluss vum LOA-Festival, wéi gewinnt op der Place de l'Europe. D'Organisateure freeë sech ganz besonnesch, elo schonn de Line-up kënnen ze presentéieren, nodeems den Opening zu Esch iwwer 12.000 Visiteure passéiert sinn. Am Verglach zum LOA Esch 2022 ass et e Plus vu 50 Prozent.

Fir de Schluss ginn dann nach emol 10 international DJen an eng Abberzuel lokal Kënschtler op der Bün erwaart a loosse keen elektronesche Musekswonsch aus. Headliner sinn Castion, Coone, Danny Avila, Glockenbach, JVRDY, Nervo, Pajane, Sam Feldt, SLVR an W&W.

Wéi et vun den Organisateuren heescht, wäerten am September fir eng éischte Kéier mat Coone och Hardstyle a mat Danny Avila Techno op der Mainstage integréiert ginn. Domat wier dann och e weidere Schratt an der Pionéierroll vun dësem Festival gemaach.

Um Festival-Terrain um Kierchbierg fënnt ee wéi dat Joer virdrun och nees eng grouss Auswiel u Baren, eng Chill Out Area, e Food Village, souwéi verschidden Animatiounen an aner Iwwerraschungen. Wéi gewinnt gëtt och nees Wäert op Nohaltegkeet geluecht an zesumme mat de Mobilitéitspartner CFL a LuxTram goufen erweidert Fuerpläng ausgeschafft fir e besseren Accès.

Tickete kritt ee wéi gewinnt op www.loa.lu, den Entrée fir Kanner ënner 12 Joer ass dann och nees gratis.