
RTL hat d’lescht Woch gemellt, dass eng Doktesch aus dem Escher Spidol suspendéiert gouf. Eisen Informatiounen no wier et eng Doktesch, déi op der Palliativstatioun schafft.
Op Nofro huet de CHEM d’Suspensioun vun engem Member vum medezinesche Personal confirméiert. Weider Detailer goufe keng genannt.
Um Méindeg huet de Parquet matgedeelt, dass ugangs Dezember eng Denonciatioun eragaange wier. En Untersuchungsriichter géif um Dossier schaffen an et géif an all Richtungen enquêtéiert ginn. D’Reprochen déi am Raum sti, gi vun Homicide involontaire bis Homicide volontaire. De Parquet rappelléiert, dass d’Onscholdsvermuddung gëllt.
Schrëftlech hat de Presseservice vum Escher Spidol lescht Woch matgedeelt, dass een intern iwwer eng medezinesch Prise en charge informéiert gouf, déi méiglecherweis der Sécherheet an dem Wuel vun engem Patient geschuet hätt.
“Als Konsequenz dovun, an am Sënn vun der Patientesécherheet, huet d’Direktioun d’Decisioun geholl, déi Persoun virsiichtshallwer bis op Weideres ze suspendéieren an eng intern Disziplinarprozedur ageleet.
Iwwert Reprochë wëll sech d’Direktioun vum CHEM net äusseren, engersäits well eng Enquête leeft, anerersäits fir d’Onscholdsvermuddung ze respektéieren”, esou déi offiziell Erklärung vum Spidol.
D’Direktioun vum CHEM hätt, wéi d’Gesetz et och virgesäit, de Parquet iwwer d’Faiten informéiert.
D’RTL-Informatioun, dass et eng Doktesch ass, déi op der Palliativstatioun schafft, krute mir bis elo offiziell net confirméiert.
Wann Dir vertraulech mat der RTL-Redaktioun wëllt Kontakt ophuelen, kënnt Dir e Mail un dossier@rtl.lu maachen.
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec une dénonciation du Centre Hospitalier Emile Mayrisch
(03.02.2025)
Le parquet de Luxembourg a réceptionné en décembre 2024 une dénonciation de la part du Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) du chef de faits susceptibles d’être qualifiés d’homicide involontaire voire même d’homicide volontaire ; il est à ce stade de la procédure prématuré d’exclure des hypothèses.
Afin de faire la lumière sur les faits dénoncés, le parquet a décidé, en décembre 2024, de charger le juge d’instruction d’une information judiciaire et a sollicité une série de devoirs d’enquête à exécuter.
Le parquet entend rappeler le principe de la présomption d’innocence.