D’Leit an d’Betriber spieren den Impakt vum Krich am Iran ganz ënnerschiddlech, huet de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun d’lescht Woch deklaréiert.
Ënnert de Secteuren, déi "struewelen", huet hien d’Handwierk genannt. Fir déi Deklaratioun erofzebriechen ass de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun Romain Schmit eisen Invité vun der Redaktioun.
Mir froen hien och, ewéi a sengen Aen "ënnerschiddlech" Impakter sech op der Tripartite an eventuellen Hëllefsmesurë missten deklinéieren.
Donieft schwätze mer mat him iwwert de qualifizéierte Mindestloun, deen der Handwierkerfederatioun no misst ofgeschaaft ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.