38 Grad zu Paräis erwaartInterministeriell Reunioun a Frankräich wéinst der Hëtzt

AFP, iwwersat vun RTL
D'Zil vun der Reunioun ass et, e Plang auszeschaffen, fir iwwer d'Summerméint ze kommen.
© GAUTHIER BEDRIGNANS/Hans Lucas via AFP

A Frankräich gëllt fir en Donneschdeg a 17 Departementer eng Alerte orange wéinst der grousser Hëtzt, dorënner och fir de Groussraum Paräis, wou sech en Donneschdeg de Mëtteg bis zu 38 Grad erwaart ginn.

E Mëttwoch goufen a ville Regiounen nei Temperatur-Rekorder fir de Mee erreecht. Deels läit ee 15 Grad iwwer der saisonaler Moyenne.

De Premier Lecornu huet fir en Donneschdeg eng interministeriell Reunioun zesummegeruff. Dat well d'Hëtzt ëmmer méi zu richtege landeswäite Problemer féiert. Der franséischer Noriichtenagence AFP no wäerten eng zéng Minister un der Reunioun am Matignon deelhuelen. Et soll e "Plan d'endurance" fir de Summer ausgeschafft ginn. An dësem soll et ëm den Zoustand vun de Grondwaasser-Reserven, den Accueil vun der Bevëlkerung an de Risiko vu Bëschbränn goen.

D'franséisch Eisebunn huet fir en Donneschdeg an e Freideg vill Trajeten annuléiert, virun allem am Zentrum an am Süden. De Risk, dass d'Klimatisatioun an den Zich ausfält, wier ze grouss.

Wiederen an der Belsch

E Mëttwochowend schonn ass et an der Suite vun den héijen Temperaturen an der Belsch zu lokal méi heftegen Donnerwiedere komm. Dës waren och mat Schied verbonnen.

Zu Bertrix beispillsweis, eng 60 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, hu massive Reen a Knëppelsteng derzou gefouert, dass Stroossen an domadder och Kelleren iwwerschwemmt goufen. Zu Libramont ass de Blëtz a Beem ageschloen, déi Feier gefaangen hunn, sou dass d'Pompjeeën e gréissere Bëschbrand hu musse verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO