Besonnesch am Uebst- a Geméisbau spillt dat waarmt Wieder eng wichteg Roll fir de Wuesstem vun de Kulturen. Ze vill Hëtzt an plëtzlech Wiederëmschwéng kënnen awer och Problemer mat sech bréngen. De Chris Meisch war bei een Uebst- a Geméisbauer nofroen, wéi een Afloss déi waarm an dréchen Deeg op seng Recolte hunn.
D'Sonn an déi héich Temperaturen hätten an éischter Linn ee positiven Afloss op d‘Uebst a Geméis, seet de Jean-Claude Muller Uebst- a Geméisbauer vu Conter. Verschidde Geméis- an Uebstzorte kéinte besser mat der Hëtzt eens ginn, ewéi anerer, a géifen esouguer vun de sonnege Konditioune profitéieren. Esou zum Beispill d‘Zalot, déi an der méi kaler Period Ufanks Mee net richteg gewuess wier.
"Awer och zum Beispill bei den Äppel. D‘Äppel sinn elo aus der Bléi eraus an déi maachen elo d‘Zelldeelung a wann do net déi néideg Temperatur ass, geet dat och ganz ganz lues virun an da gi se net esou déck. Dofir ass dat Wieder hei schonn net falsch, wa mir wéi gesot elo net nach méi waarm ginn wéi 35-36 Grad. Iergendwann hält nämlech de Wuesstem bei den 30er Graden op.“
Den Uebst- a Geméisbauer freet sech iwwerdeems, dass et hënt ofkillt, da géingen déi waarm Deeg dem Uebst a Geméis net onbedéngt eppes ausmaachen. Mat de waarmen Temperature klëmmt awer och den Dimmerrisiko. Wann d'Wieder stënterlech ëmschléit hunn d'Uebst- a Geméisbauer net sou gär.
"Quit dass Waasser och wichteg ass, mee schwéier Wiederen, villäicht och mat Knëppelsteng a Stuerm, déi hunn ëmmer Tendenz ganz vill Schued ze maachen. Ech mengen, dat brauch keen, dat wëll och keen. A méi kill Temperaturen, liicht ënner 30 wier scho gutt. Ech mengen, och fir d‘Mataarbechter, et muss een och dorun denken. Een, deen de ganzen Dag muss an der praller Sonn schaffen, dat ass net schéin an dofir muss een och do Precautiounen treffen.“
An déi Precautioune sinn, dass ee Moies méi fréi géing ufänken op de Felder ze schaffen,wann et nach méi kill ass, ier am Nomëtteg d‘Hëtzt kéim. D‘Biedem mat deenen d‘Bauere musse schaffen, si relativ stëbseg an haart. Dowéinst wier et wichteg, de Buedem richteg ze bewässeren.
"Fir de Waassermanagement ass och ganz wichteg, dass een am Buedem bëssi schafft. Dat heescht kappen, net nëmme fir dass een d‘Onkraut ewechkritt, mee och de Buedem opmécht, fir dass Sauerstoff an de Buedem kann erakommen an dass een d‘Verdonstung vum Buedem zum Deel bremst an d‘Kapillarwierkung bëssi brécht fir dass d‘Waasser un d‘Planze kënnt, ouni dass et verdonst.“
En zouene Buedem ze bewässeren, wier nämlech, esou de Jean-Claude Muller, wéi wann ee Waasser op de Makadamm schëtt, da leeft et fort a verdonst.
Fir d’Uebst- a Geméisbaueren heescht dat also, sech ëmmer nees un d’Wieder unzepassen — an dobäi op déi richteg Balance tëscht Sonn, Reen an Hëtzt ze hoffen. Wéi sech d’Wieder an de kommende Wochen entwéckelt, wäert also och entscheedend fir d’Qualitéit an d’Recolte vun dësem Summer sinn.