
De 6. Januar huet den amerikaneschen Zaldot Philip Weis hei säi Liewe verluer. Dat just e puer Kilometer vun Ënsber ewech, deem Duerf, aus deem säi Bop Joerzéngte virdrun an d’USA ausgewandert war.
Et sollt bis 1977 daueren, bis de Fernand Weis aus Zoufall mat sengem Metalldetekter dem Philip seng “Dog tag” fonnt huet. Dono huet hien dem amerikaneschen Zaldot säi Graf um Militärkierfecht zu Hamm fonnt a per Bréif Kontakt mat deem senger Famill an den USA opgeholl. Spéider si seng Familljememberen op Lëtzebuerg déi Plaz besiche komm, wou hie gefall ass an et ass eng Frëndschaft mam Fernand Weis entstanen.
De Philip Weis ass ee vun enger Partie amerikaneschen Zaldote mat Lëtzebuerger Originnen, déi am Éislek gekämpft hunn. Ma wärend der Offensiv hu sech och Lëtzebuerger den Alliéierten ugeschloss an op hirer Säit gekämpft, zum Beispill Membere vun der Veianer Miliz.
