
Do gouf d’Fro gestallt, ob d’akadeemesch Fräiheet duerch d’Amëschung vun der Politik a Gefor wier an d’Konklusioun gezunn, et hätt en Agrëff an d’Autonomie vun der Uni ginn. Dat well d’Rektorat, d’Decisioun, fir den Appel à projets vum IAS z’annuléieren, "net aus fräie Stécker" geholl hätt. Mee "mat Nodrock vum Ministère un d’Häerz geluecht" kritt hätt, dat ze maachen - mam Hiweis, datt vun deem Ministère d'Finanzéierung vun der Uni kënnt.
Dobäi geet et ëm ee Probleem, deen RTL gemellt hat. Beim Appel à projets fir d’Audacity-Fuerschungsgelder 2025 war eng vun de Kandidatinnen am Jury. Si ass fir d’Bewäertung vun hirem eegene Projet erausgaangen, mee huet bei der Evaluatioun an dem Ranking vun deene Projete matgemaach, déi an direkter Konkurrenz mat hirem ëm d’Fuerschungsgelder waren. De Code de Conduite vun der Uni, deen och fir den IAS gëllt, beseet awer: "Members of the University’s bodies and committees shall refrain from taking part in any discussion or decision concerning matters where there is a conflict of interest on their part.”
Op Nofro vun RTL sot de Léon Diederich, éischte Regierungsrot am Héichschoulministère a Regierungskommissär bei der Uni: “D’Rektorat krut de 27. Mäerz eng Recommandatioun vum Conseil de gouvernance, fir den Appel à projets z’annuléieren.”
“Ech hunn dat als Kommissär ënnerstëtzt,” esou de Léon Diederich, deen awer ze bedenke gëtt, datt hien am Conseil just eng “Voix consultative” huet an ënnert de Gouverneueren och Unisprofesseren aus dem Ausland sinn – esou ewéi Vertrieder vum Personal an de Studenten (N.d.l.r.). Déi Recommandatioun wier geholl ginn, well op d'mannst e potenziellen Interessekonflikt do gewiescht wier. “Wa kee potenziellen Interessekonflikt do gewiescht wär, wier den Appel à projets net annuléiert ginn”, seet de Léon Diederich. D’Decisioun wier vum Recteur geholl ginn.
Op Nofro vun RTL an deene leschte Méint hat d’Rektorat sech drop behaapt, et hätt kee Verstouss géint d’intern Reegele ginn, mee dobäi aus enger vereelzter Versioun vun hirem Code de Conduite zitéiert, déi net méi en Vigueur war.
De Léon Diederich bestreit net, datt et Gespréicher mam Rektorat gouf. Nodeems den Appel annuléiert gi war a sech d’Fro no den Aarbechtskontrakter bei den ausgewielte Projete gestallt huet, hat d’Héichschoulministerin Stéphanie Obertin Uganks Abrëll no der Chamberkommissioun och gesot: "Ech verstinn, datt dat hei mat den ëffentleche Gelder ganz sécher keng gutt Saach ass. Mä d'Neutralitéit ass net garantéiert. An dat mengen ech, dat däerf een och net virgeworf kréien, datt hei am Fong ee Conflit d'intérêt war bei der Auswiel vun de Projeten." Aus där Positioun huet de Ministère deemno kee Geheimnis gemaach.
Ma de Léon Diederich wiert sech géint d’Duerstellung, datt et hei en Ugrëff op d’akadeemesch Fräiheet ginn hätt. “Wann een en Appel à projets stoppt, ass dat keng Amëschung an d’Liberté scientifique. Dat ass sech net an de Contenu vun der Fuerschung agemëscht, andeems ee géing soen, d’Resultater mussen an déi eng oder déi aner Richtung goen.”
De Ministère an d'Uni hunn Uganks Februar eng nei plurinannuell Finanzéierungskonventioun ënnerschriwwen, no där d'Uni bis 2026 iwwert eng Milliard Euro ëffentleche Finanzement kritt - dat war, ier d'Kontrovers ëm den Appel à projets fir d'Audacity-Fuerschungsgelder lass goung. De Budget fir den annuléierten Appel loung alles an allem bei zwou Milliounen Euro.