CSV an DP dogéint, ADR enthält sechKeng Majoritéit fir d'Aféierung vun engem spezielle Congé fir Bluttspender an der Chamber

Marc Hoscheid
D'Vertrieder vun CSV an DP hunn ënnert anerem dorobber verwisen, datt et am ëffentlechen Déngscht schonn eng Fräistellung vu 4 Stonne gëtt.
© RTL-Archiv

Zu Lëtzebuerg gëtt et ronn 15.000 fräiwëlleg Bluttspender. Virun deem Hannergrond gouf en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber doriwwer diskutéiert, ob een zousätzleche Congé vu véier Stonne fir Leit soll agefouert ginn, déi Komponente vun hirem Blutt spenden.

Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo hat eng entspriechend Proposition de loi agereecht. Obwuel sech d'Vertrieder vun all de Parteien doranner eens waren, datt d'Bluttspend ee ganz wichtege Geste wier, gouf et um Enn awer keng Majoritéit fir den Text. Wärend LSAP, déi Gréng, d'Piraten an déi Lénk dofir waren, huet d'ADR sech enthalen an CSV an DP hunn dogéint gestëmmt.

D'Vertrieder vun CSV an DP hunn ënnert anerem dorobber verwisen, datt et am ëffentlechen Déngscht schonn eng Fräistellung vu 4 Stonne gëtt, am Privatsecteur wier iwwerdeems eng änlech Reegelung schonn an enger Partie Kollektivverträg festgehalen. Et gouf och argumentéiert, datt duerch esou ee Congé de Benevolat a Fro gestallt géing ginn. Dat Argument ass bei deene Parteien, déi d'Gesetzesproposen ënnerstëtzt hunn, awer op wéineg Versteesdemech gestouss.

Back to Top
CIM LOGO