
Ee Fall, deen d’Police erausgepickt huet, war zu Zéisseng an der Zéissenger Strooss. Hei waren en Donneschdeg am Nomëtteg bis ewell nach onbekannten Täter an eng Wunneng agebrach an hunn hei ënner anerem zwee Tablets geklaut.
Um Lampertsbierg an der Avenue Pasteur hat den Onéierlechen dann eng Dier opgebrach, fir an eng Wunneng ze kommen. Wat geklaut gouf, präziséiert d’Police net, et ass awer d’Informatioun, datt d’Raim an der Wunneng duerchsicht goufen. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.
Wéi ee sech géint Abréch präventiv Schütze kann, kann een um Site vun der Police noliesen.