
Um 22.56 Auer gouf e Won gemellt, deen um Briddel am Zickzack gesteiert gouf. En Zeien huet donieft gesinn, dass de Won och e puer Mol mat niddereger Vitess an e Bam gefuer gouf. Eng Patrull huet de Chauffer vum gemellte Gefier um Enn gestoppt, deen ze vill gedronk hat. Hien huet dat och zouginn an e summareschen Test accordéiert. Dee war positiv an d’Gefier gouf immobiliséiert. De Chauffer krut e Protokoll.
Änlech war et géint 1.20 Auer. Do war e Won op der A3, Héicht Léiweng am Zickzack ënnerwee. Den Auto konnt op der A1 gestoppt ginn a gouf och hei no engem positiven Test duerch d’Police séchergestallt.
Géint 2.45 Auer huet en Zeie bei der Police ugeruff, fir en Auto ze mellen, deen a Schlaangelinnen duerch Wäiswampech géing gesteiert ginn. Den Auto gouf gestoppt, de Chauffer getest an de Fürerschäin agezunn.
E Sonndeg de Moie géint 6.45 Auer dann gouf zu Esch nach een Automobilist gemellt, dee mat sengem Gefier virun enger Luucht um Boulevard Grande-Duchesse géif stoen. Op der Plaz ukomm, hunn d’Beamten de Chauffer fir d’éischt mol musse wakereg maachen, ier en Alkoholtest gemaach gouf. Dee war positiv an och hei gouf den Auto immobiliséiert an de Permis ewechgeholl.