Alkohol um SteierD'Police huet iwwert de Weekend sechs Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Iwwert de Weekend ass d'Police nees op eng Rei Chaufferen opmierksam ginn, déi ze vill gedronk haten. An alle Fäll hunn d'Permise mussen agezu ginn.

Sou zum Beispill e Samschdegmoien an der Schëfflenger Strooss zu Esch, wou e Chauffer op der Héicht vun engem Busarrêt hannert dem Volant geschlof hat, wärend de Moteur u war.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf dann e Chauffer op der Héicht vun der Gare zu Ettelbréck ugehalen, well d’Pneue vu sengem Auto staark beschiedegt waren.

Eng Automobilistin mat staark beschiedegte Pneue war och e Sonndegmoien tëschent Garnech an dem Wandhaff ënnerwee an um Echangeur Ettelbréck war e Chauffer a Schlaangelinnen ënnerwee.

An all de Fall sinn d’Alkoholtester positiv ausgefall an d’Chaufferen hunn hire Permis mussen ofginn.

Zwee weider alkoholiséiert Automobilisten huet d’Police an der Nuecht op e Sonndeg zu Housen an zu Hollerech ugehalen a kontrolléiert. Och si kruten hir Fürerschäiner ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO