
Och d'Zuel vun de Wegweisungen, déi vum Parquet gutt geheescht goufen, ass vun 230 op 260 zejoert an d'Luucht gaangen.
Dat geet aus dem Rapport iwwert d'Violence domestique ervir, dee vun der Ministesch Taina Bofferding e Mëttwoch de Moien an den 2 zoustännegen Chamberkommissioune virgestallt ginn ass. A 64% vun de Fäll waren d'Affer weiblech. Bei den Täter sinn 31% weiblech an 68% männlech. Alles an allem goufen eng 1.340 Affer wéinst haislecher Gewalt gezielt.
Wéi d'Ministesch Bofferding virun den Deputéierten erkläert huet, wier d'Legislatioun, déi ëm d'haislech Gewalt dréint ganz streng am Verglach mat anere Länner. De Projet fir en "Observatoire de la Violence" ze schafen, wier a Verzuch geroden, mä heiru géif weider geschafft.
Et gouf och nach e Mëttwoch de Moien iwwert zwou Motiounen diskutéiert, eng vum Fernand Kartheiser (ADR) freet, datt et méi Strukturen och fir männlech Affer vun haislecher Gewalt ginn. Eng aner Motioun vun der CSV-Deputéiert Françoise Hetto freet, datt eng SOS-Hotline fir Affer vun Gewalt Doheem sollt geschaf ginn. Och gouf mat der Justizministesch iwwert d'Aféiere vun engem elektronesche Bracelet fir d'Affer diskutéiert, enger Mesure, där d'Sam Tanson positiv géintiwwer steet.