Iwwert de WeekendD'Police mellt eng Partie Abréch an Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem op der A7, zu Helleng, Jonglënster an zu Gousseldeng ware Chauffeuren ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt hunn.
© RTL Archiv

E Sonndeg de Moie gouf e potentiell alkoholiséierte Chauffeur gemellt, deen an engem Tunnel op der A7 géint de Bord vum Trottoire gefuer ass, wouduerch säi Won e platte krut. De Chauffer ass doropshin op eng Tankstell op Luerenzweiler gefuer. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann dunn op der Plaz unhalen a kontrolléieren. Den Alkoholtest ass positiv verlaf an de Mann krut e provisorescht Fuerverbuet. Ma well de Chauffeur och keng gëlteg Assurance hat, gouf den Auto op Uerder vum Parquet saiséiert.

Am spéide Sonndeg de Moien hunn d’Beamte vun der Police dann och e Chauffer an der Munnereferstrooss zu Helleng ugehalen, bei deem den Alkoholtest positiv verlaf ass. De Permis gouf agezunn.

E Sonndeg den Owend gouf dann e Gefier gemellt, dat vu Jonglënster aus a Richtung Gonnereng gefuer ass, dat awer a Schlaangelinnen. Dobäi ass de Won och géint d’Leitplank gerannt. D’Police huet de Chauffeur dunn op der Héicht vum Sennengerbierg gestoppt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Mann krut e provisorescht Fuerverbuet.

Änleche Fall dann nach an der Nuecht op e Méindeg, dat um CR101 zu Gousseldeng. Hei war eng Automobilistin Schlaangelinne gefuer. Den Alkoholtest war positiv, fir d’Fra gouf et e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO