
Dësen hat géint 00.30 Auer versicht, e Camion ze iwwerhuelen a war dobäi mat engem Auto kollidéiert. D’Rettungsekippe goufen op d’Plaz geruff, konnten awer nëmmen nach den Doud vum Mann feststellen.
D’Police hat onmëttelbar nom Accident schonn en Zeienopruff lancéiert. Den éischten Erkenntnisser vun der Enquête no, waren eng Partie Chaufferen den 18. Juni op der Plaz vum déidlechen Accident stoe bliwwen. Bis ewell huet sech allerdéngs kee vun dëse bei der Police gemellt.
Déi concernéiert Chauffere si gebieden, sech bei der Verkéierspolice ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 17 5200 oder per Mail.