
Den Täter hat hei engem Mann den Handy aus dem Grapp gerappt an dëst duerno op de Buedem gestouss. Den Täter ass duerno a Richtung vun der Rue Ferdinand Nothomb fortgelaf.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. Ënner anerem ass eng Persoun opgeruff, sech ze mellen, déi dem Affer nom Iwwerfall gehollef huet. Alleguer d’Informatioune si fir de Policekommissariat vun Esch. Telefonsnummer: 244 50 1000, Mailadress: Police.ESCH@police.etat.lu.