E puer Fäll an de leschten DeegD'Police warnt nees viru Bedruchsmethod mat falsche Bank- a Luxtrust-Employéen

RTL Lëtzebuerg
Krimineller probéiere sech duerch ëmmer aner Arnaquen ze beräicheren. Virun engem Masch warnt d'Police elo awer scho méi laang.
© RTL Grafik

D’Police huet e Freideg e Rappell gemaach, wéinst enger Method, bei deenen d’Leit vu falsche Bankemployéen oder Luxtrust-Mataarbechter kontaktéiert ginn.

Hei gëtt da gesot, et wier een Affer vun engem Cyberbedruch ginn an et wieren net autoriséiert Iwwerweisungen an d’Ausland gemaach ginn. Déi falsch Employéë behaapten dann, si géife bei engem laanscht kommen, fir d’Bank-Accèsen, Token a Kreditkaarte matzehuelen, oder si soen, et sollt een ee QR-Code an der App scannen.

Do virdrun haten d’Affer op e Link geklickt, dee se via Mail oder SMS kritt haten, wou se opgefuerdert goufen, hire Zertifikat ze erneieren, sief et vun der CNS, Luxtrust oder CCSS. Heibäi si se dann op enger gefälschter Onlinesäit gelant, wou se hir Bankdonnéeën aginn hunn.

Wann déi Onéierlech d’Donnéeën an d’Kaarten an hirem Besëtz hunn, kënne se grouss Zommen ophiewen.

D’Police erënnert nach emol drun, dass esou Opfuerderungen net de Prozeduren entspriechen, déi seriö Verwaltungen, Gesellschaften oder Banke praktizéieren. Déi géifen ni fuerderen, dass ee seng Kaarten oder Token enger friemer Persoun géif ofginn, respektiv perséinlech Donnéeë via Telefon offroen.
Falls ee sech net sécher ass, ob ee grad Affer vun engem Bedruch gëtt, soll ee sech net ënner Drock setze loossen an direkt seng Bank oder déi betraffe Gesellschaft kontaktéieren.

D’Police mécht dann och den Opruff, dass ee w.e.g. besonnesch eeler Leit a sengem Ëmfeld soll drop hiweisen, dass et sou Bedruchsversich ginn, an dass se virsiichteg solle sinn.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO