
Zanter Mëtt Oktober leeft d’Campagne “Wanterzäit 2024" vun der Police, bei där primär d’Beliichtung, d’Pneuen an den allgemengen techneschen Zoustand vun den Autoen an de kale Méint vum Joer soll kontrolléiert ginn. An enger éischter preventiver Phas, déi bis de 17. November gaangen ass, goufen am Ganze 407 Meldunge registréiert, bei deenen ee Mangel un der Beliichtung virlouch. Déi betraffe Chaufferen haten no der Kontroll fënnef Deeg Zäit, dës Mängel ze behiewen. Iwwerdeems sinn 259 Strofziedele wéinst schwéieren technesche Mängel ausgeschriwwe ginn. Bei 43 Autoe war dann d’Nummereschëld net erkennbar an an 19 Fäll gouf et ee Mangel um Auspuff.
D’Campagne “Wanterzäit 2024" fir eng gréisser Verkéierssécherheet leeft nach bis Enn des Jores.
D’Police huet eng weider Kéier dorop opmierksam gemaach, wéi ee virun allem an den däischtere Méint vum Joer sécher um Verkéier deelhëlt.