LuxConnectNeit Verwaltungsgebai zu Beetebuerg soll Enn 2027 fäerdeg ginn

Marlène Clement
LuxConnect wiisst an d'Plaz gëtt knapp. Dofir kritt d'Entreprise en neit Gebai vun enger Gesamtfläch vu 5.000 Meter Carré an der Z.A.E. Wolser zu Beetebuerg.

Enn 2027 soll dat neit Verwaltungsgebai vu Luxconnect zu Beetebuerg stoen. En Dënschdeg de Moie gouf den éischte symbolesche Steen an der Zone d’Activité Économique Wolser geluecht. Dat a Presenz vum Generaldirekter vu LuxConnect, Paul Konsbruck, dem DP-Wirtschaftsminister Lex Delles an dem neie Buergermeeschter vu Beetebuerg, Jean Marie Jans.

Neit LuxConnect-Gebai soll 2027 fäerdeg sinn / Reportage Marlène Clement

Do, wou haut e puer Bëtonsbléck a Gittere stinn, soll an den nächsten zwee Joer e fonkelneit Gebai vu LuxConnect entstoe mat enger Gesamtfläch vu 5.000 Meter Carré. Déi privat Gesellschaft, där hiren eenzegen Aktionär de Staat ass, gouf 2006 gegrënnt. No 20 Joer wier dat neit Gebai een noutwennege Schrëtt, erkläert de Generaldirekter, Paul Konsbruck.

LuxConnect wier bekannt dofir, Datenzenteren ze bauen a Fiber-Reseauen zu Lëtzebuerg ze deployéieren. Elo wier de Moment komm, wou een net méi genuch Plaz hätt fir déi Leit, déi bei LuxConnect selwer schaffen a bei de Succursalle LuxProvide a Clarence.

Ekosystem fir Tech-Entreprisen

Ronn 30 Mataarbechter vu LuxConnect sollen an dat neit Gebai plënneren. Fir LuxProvide, den Exploitant vum Lëtzebuerger Supercomputer MeluXina, sinn et eng 100 Leit. Fir Clarence, dem Lëtzebuergesch-Belsche Projet am Cloud-Beräich, sinn et eng hallef Dose Mataarbechter. Am Gebai ass awer Plaz fir däitlech méi Leit, nämlech ronn 250. Dem Generaldirekter no soll um Site eng Zort Campus entstoen, wou och aner Entreprisen dem Secteur kënne Bürosfläche lounen. Zil wier et, op deem Wee ee klengen Ekosystem zu Beetebuerg opzebauen.

Iwwer 40 Milliounen Euro Investitioun

Um Site gëtt och een neie Parking gebaut. Käschtepunkt fir d’Gebai plus Parking iwwer 40 Milliounen Euro. D’Gesellschaft géing dat selwer finanzéieren, präziséiert de Paul Konsbruck. Et bräicht een deemno keng Subsiden a keen zousätzlecht Kapital vu baussen.

Dat neit Gebai soll iwwerdeems mat der iwwerschësseger Hëtzt aus dem Datenzenter niewendrun alimentéiert a gehëtzt ginn. Um Gebai an um Parking sinn och Solarpanneaue virgesinn. LuxConnect geet dovunner aus, datt een op deem Wee de primären Energieverbrauch kann ëm méi ewéi 10 Prozent reduzéieren. D’Hëtzt aus dem Datenzenter soll dem Beetebuerger Buergermeeschter no iwwerdeems och genotzt ginn fir aner Infrastrukturen nieft der Industriezon ze hëtzen.

Back to Top
CIM LOGO