CGDISDräi Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten, Samu am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Géint 6.30 Auer e Mëttwoch de Moien ass zu Suessem an der Rue Uerschterhaff e Motocyclist gefall a blesséiert ginn.

Ënnert anerem war de Samu op der Plaz. Ronn 10 Minutte méi spéit sinn op der RN15 tëscht Nidderfeelen an Heischent zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei mellt de CGDIS ee Verwonnten. E weideren Automobilist ass blesséiert ginn, wéi e mat sengem Gefier um CR322 tëscht Kautebaach a Konstem an e Bam gerannt ass.

Back to Top
CIM LOGO