Policeinterventioun zu NidderkuerDräi Aschosslächer an enger Garagëpaart an der Rue Paul Eyschen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch an der Mëttesstonn war an der Rue Paul Eyschen zu Nidderkuer eng méi lass.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Police war direkt mat e puer Ween am Asaz, nodeems dräi Aschosslächer an enger Garagëpaart gemellt gi waren.

Am Gespréich mat den Noperen wier ervirgaangen, datt schonn en Dënschdeg den Owend Schëss ze héiere gewiescht wieren, esou ee Spriecher vun der Police op Nofro vun RTL. Ma gemellt goufen d’Aschosslächer eréischt e Mëttwoch géint 13.10 Auer. Bei dem Virfall wier kee blesséiert ginn, ma d’Police technique hätt d’Ermëttlungen opgeholl, esou d’Police weider.

Back to Top
CIM LOGO