
Op der Soirée de l’agriculture vun der Zeitung “de Lëtzebuerger Bauer” krute si e Präis fir hire sozialen Engagement, hir wirtschaftlech Diversifizéierung an d’ekologesch Vitalitéit. Mir sinn der Fro nogaangen, wat hir Betriber esou besonnesch mécht.
De Paul Jungels huet viru 50 Joer doheem am Betrib ugefaangen an huet aus engem Bauerenhaff eng professionell Imkerei gemaach. Säin Asaz fir d’Beien an d’Natur huet d’Jury iwwerzeegt an dofir krut hien e Präis fir déi ekologesch Vitalitéit.
“D’Hunnegbei an iwwerhaapt, d’Beien, d’Insekten an der Natur, dat sinn immens wichteg Hausdéiere kann ee soen. Ouni d’Beien, ouni intakt Insekten, dat muss een dobäi soen, ass d’Bestäubung vun 80 Prozent vun de Planzen an der Natur net ginn an domadder fonctionéiert dee ganze Kreeslaf net. Dat ass dofir eng extrem wichteg Saach. Dat hunn ech vun Ufank u gemaach. Selektioun an Zuucht op vital a krankheetsresistent Beievëlker.”
De 27 Joer ale Felix Miny, deen e Präis fir déi wirtschaftlech Diversifizéierung krut, huet säi Betrib virun zwee Joer nei gegrënnt a sech direkt relativ divers opgestallt, fir de finanzielle Risiko als jonke Bauer esou kleng wéi méiglech ze halen.
“Mir hunn eng Geméisproduktioun, den Ubau vu Schnëttblummen, eng kleng Haffbrennerei an och nach Mutterkuhhaltung an eeben um Rescht nach dee klasseschen Ackerbau.”
De Gros vu senge Produite verkeeft de Felix Miny a sengem Self Service Buttek oder an aneren Haffbutteker. D’Blumme kann een direkt um Stéck schneiden.
Genee wéi beim Marco Clees vun Allerbuer, deen e Präis fir säi sozialen Engagement krut. Bei him kann ee schonn zënter 7 Joer Sonneblumme plécken. D’Suen dovunner sinn awer net fir an déi eegen Täsch, mä fir “le soleil dans la main.”
“Dat heescht dat ass eng ONG, déi am Burkina Faso Entwécklungshëllef mécht. Virun 10 Joer ass e gudde Kolleeg vu mir gestuerwen, deen do op Missioun war, dat heescht hie war kucken wat do geschafft ginn ass an um Wee fir heem ass de Fliger erof gefall an d’Leit waren alleguer dout. Dat huet mech esou beweegt, datt ech decidéiert hunn, déi Blumme fir e gudden Zweck ze maachen an net elo fir mech an d’Keess.”
Bis een déi nächst Blumme plécke kann, dat dauert elo nach e bëssen, mä de Marco Clees ass houfreg op säi Projet, deen de Leit Spaass mécht a mat deem hien anengems anere Mënsche kann hëllefen.