
Eng Kéier war dat um 17.42 Auer an der Rue Gabriel Lippmann zu Nidderaanwen de Fall. Hei waren d’Pompjeeë vu Nidderaanwen an d’Ambulanz aus der Stad op der Plaz.
Um 20.35 Auer huet sech dann en Auto zu Angelduerf an der Route d’Ettelbruck iwwerschloen. D’Pompjeeë vun Angelduerf an aus der Nordstad waren hei am Asaz, grad ewéi d’Ambulanz aus der Nordstad.
Géint 5.10 Auer e Freidegmoie gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech zu Suessem an der Rue de Niederkorn zwee Autoen ze pake kruten. D’Pompjeeën an d’Ambulanz aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren hei op der Plaz.