
Kuerz virun 18 Auer war et zu Éiter an der Kanecher Strooss zu enger Kollisioun komm, bei där eng Persoun blesséiert gouf. D’Pompjeeë vu Mutfert an d’Ambulanciere vu Réimech hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.
Op der RN05 tëscht Nidderkäerjeng a Schuller war géint 23.47 Auer e weidert Gefier accidentéiert. Hei gouf et zwee Blesséierter, no deenen d’Ambulanciere vu Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vun Dippech gekuckt hunn.