
Am Auto waren e Mann an eng Fra, woubäi den Alkoholtest beim Mann positiv ausgefall war. Hien huet säi Fürerschäi mussen ofginn. D’Fra hat iwwerdeems iwwerhaapt kee Permis.
An der selwechter Nuecht krut d’Police e Gefier op der A13 gemellt, dat immens geféierlech gefuer ass. De Chauffer konnt kuerz duerno gestoppt ginn, hie war allerdéngs immens onkooperativ a wollt och keen Alkoholtest maachen. Et huet sech erausgestallt, datt hie schonn engem Fuerverbuet ënnerlouch an duerch seng Fuerweis och schonn aner Gefierer beschiedegt hat. Säin Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an hie koum no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
Zu Péiteng huet dunn nach e Chauffer säi Fürerschäi mussen ofginn. Op der Place du Marché war hie Beamten opgefall, well hien extreem Probleemer hat, aus engem Parking erauszefueren. Och hei ass en Alkoholtest positiv ausgefall,