Krisenzoustand scho virum 23.6 eriwwer?Dräi Gesetzer sollen nach virum Enn vum État de crise gestëmmt ginn

RTL Lëtzebuerg
Den Enn vum Etat de Crise ass, soubal déi nei Covid-Gesetzer gestëmmt sinn.

De Staatsminister huet e Freideg de Moien net zwee, mä dräi Avant-Projeten deposéiert: eent fir déi aktuell sanitär Reegele vum Etat de Crise an ee Gesetz afléissen ze loossen, een Zweet, fir d’sozio-ekonomesch Begleetmesurë festzehalen an een Drëtt, fir d’Sortie aus dem Krisenzoustand ze aktéieren.

D’Oppositioun war sichtlech zefridden, datt d’Gesetzer an der Zäit limitéiert sinn. D’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen sot, et stelle sech awer nach vill Detailfroen. Géingen an den nächste Wochen, nach wärend dem legislative Prozess, Ännerunge bei de Krisemesurë kommen, sou géingen d’Gesetzprojeten entspriechend amendéiert ginn, huet de Xavier Bettel nach emol erkläert. Et kéint duerchaus puer Wochen daueren, bis déi 3 Gesetzer kënne gestëmmt ginn an den Etat de Crise kann opgehuewe ginn. A priori wäert den Etat de Crise awer net seng maximal Zäit, also bis den 23. Juni, mussen a Kraaft sinn.

Back to Top
CIM LOGO