Protokoller um StauséiDräi Leit hate sech de Batti gestallt an och nees Autoe falsch geparkt

RTL Lëtzebuerg
Um Stauséi maache verschidden Unitéite vun der Police Région Nord alt emol Kontrollen um Stauséi, fir ze kucken, ob sech un d'Reegele gehale gëtt.
© Police

An effektiv sinn e puer Persounen negativ opgefall a goufe sanktionéiert. Donieft hunn d’Beamten dräi Avertissements taxés misse verdeelen, well Autoen an der Entrée, respektiv an der Sortie vum Parking stoungen, 5 Mol gouf et e Protokoll wéinst sougenannter Circulation interdite an an dräi Fäll nach een, well Ween falsch geparkt waren.

Bei enger Kontroll op der N27, bei där virun allem d’Motocycliste viséiert waren, goufen dann och nach e puer Infraktioune festgestallt. An engem Fall war d’Assurance net an der Rei, bei engem anere war d’Visière net konform, bei engem anere war e Problem mat der Immatrikulatioun a bei engem weidere Motocyclist war d’Plack net gutt ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO